Eng Analys vun der Situatioun, keng dräi Méint virun den Neiwalen
© AFP/Archiv/John MACDOUGALL
Nodeems déi sougenannt Ampel-Regierung vun SPD, FDP a Gréng auserneegebrach war, kënnen eis däitsch Noperen den 23. Februar nees wiele goen.
De Walkampf gëtt lues a lues lancéiert. E Méindeg maachen d‘Sozialisten dann och bekannt, wie si an d‘Course schécken.
An obwuel et en ale Bekannten ass - oder grad well et en ale Bekannten ass - gëtt sech an Däitschland awer allgemeng d‘Fro gestallt, firwat grad deen den SPD-Kanzlerkandidat ass.
Den aktuelle Bundeskanzler Olaf Scholz wëll a senger Roll bleiwen. A seng Partei wëll dat och vun him. D‘Leedung vun der Partei nominéiert den Olaf Scholz e Méindeg, nodeems d‘Gremien zesummesouzen. Validéiert ginn, soll de Kanzlerkandidat da vun de Gremien um SPD-Parteikongress den 11. Januar zu Berlin.
Et trëtt also ee fir d'SPD un, deen an der leschter Ëmfro iwwer d‘Beléiftheet vun 20 genannte Politiker op déi leschte Plaz komm war. Dobäi huet d‘SPD jo awer de beléiftste Politiker an hire Reien: De Boris Pistorius, aktuell Defenseminister an Däitschland.
An enger éischter Reaktioun rëselt een de Kapp. Et wär jo irresponsabel, respektiv domm, wann een net säi bescht Päerd an d'Course schéckt. Mä dat huet puer Grënn: als alleréischt hat de Boris Pistorius d‘lescht Woch matgedeelt, op eng Kandidatur ze verzichten. Ob komplett aus eegene Stécker oder no Ofsprooch mat der Parteileedung, déi hannert dem Olaf Scholz steet, ass net gewosst.
Et kann een awer dovun ausgoen, dass de Boris Pistorius an dësen Zäiten, an deenen d‘Politikverdrossenheet an Däitschland nom onglécklechen Enn vun der Ampel-Koalitioun ganz héich ass, net esou schaarf drop war, dee Risiko anzegoen. D'SPD ass trotz oder grad wéinst der Kloerheet an der Kanzler-Fro an den aktuelle Sondagë vum Institut INSA ëm zwee Punkten op 14 Prozent gefall a läit wäit hannert CDU/CSU mat 32 Prozent an och e Stéck hannert der AfD mat 19 Prozent. Vill si sech sécher, dass d‘SPD d‘Regierung och mat engem Pistorius net forméiere wäert. Dofir awer d'CDU an da wär de Pistorius e Stéck wäit scho gebraucht. Iwwerdeems sinn op d'mannst an Däitschland seng Kärthemen als Defenseminister elo net decisiv am Walkampf.
Effektiv soen ëmmer méi Stëmmen an Däitschland, dass d'Kanzlerfro souwisou scho gekläert wier. Et kéint een nämlech den Androck hunn, wéi wann de Friedrich Merz vun der Unioun vun CDU/CSU schonn als Kanzler feststéing.
Richteg schaarf gemaach hat déi Nouvelle de Christian Lindner. De fréiere Finanzminister vun der FDP hat, nodeems hien aus der Regierung entlooss gi war, betount, d'Wale wäre schonn zu Gonschte vum Friedrich Merz decidéiert. Dat muss en awer och soen. Ëmmerhin ass d'CDU eigentlech seng eenzeg Chance, nach Partner an enger Regierung ze ginn. Déi Liberal leien an Ëmfroe bei nëmme fënnef Prozent. Eng Relatioun tëscht der SPD an enger FDP mam Lindner schéngt net méi méiglech ze sinn. Dofir gouf d‘Vertrauen ze vill mëssbraucht, nodeems d‘Wochenzeitung "Die Zeit" duerch Recherchë rekonstruéiere konnt, dass de Lindner a säin Entourage de Broch vun der Ampel richteg preparéiert haten.
Dat heescht, fir d'SPD den Olaf Scholz, fir d'FDP de Christian Lindner a fir CDU/CSU de Friedrich Merz. A fir déi Gréng? Do ass et wuel den aktuelle Vizekanzler a Wirtschaftsminister Robert Habeck, och wann hie sech mam Wuert Kanzlerkandidat ëffentlech schwéier deet. An Interviewen, wéi och schonn e Sonndegowend beim Caren Miosga, wëll hie modest eriwwerkommen. Déi Gréng kommen an de Sondagen op 10 bis 12 Prozent. Ze wéineg, fir aktuell drun ze denken, an d‘Kanzleramt anzezéien.
D‘AFD däerf een awer och net vergiessen, wou et warscheinlech d‘Alice Weidel ass. Si ass sech mat hirem Co-Parteipresident Tino Chrupalla eens, dass si d'Partei an d'Wale féiere soll. D'AfD kënnt aktuellen Ëmfroen no op 19 Prozent. Bis ewell huet de Friedrich Merz vun CDU/CSU, dee schonn a villen Themen als konservativ gëllt, eng Zesummenaarbecht mat de Rietsnationale kategoresch ausgeschloss.
"Da sie ständig dazwischen schreien, will ich Ihnen eines sagen: Weder vorher, noch nachher, noch zu irgendeinem anderen Zeitpunkt, gibt es eine Zusammenarbeit meiner Fraktion, mit Ihren Leuten, egal mit wie vielen Leuten sie hier im nächsten deutschen Bundestag sitzen werden."
Deen Extrait muss een dann nom 23. Februar prett hunn, wann de Friedrich Merz an der Positioun wär, fir eng Regierung zesummenzestellen.