Bei engem Ugrëff an der Gazasträif sinn de Palästinenser no dräi Mataarbechter vun der humanitärer Organisatioun WCK ëmkomm.

Op d'mannst "fënnef Märtyrer", dorënner dräi Mataarbechter vu World Central Kitchen, wieren no engem israeelesche Loftugrëff op en Auto am Nordoste vu Chan Junis , gebuerge ginn. Déi dräi Mataarbechter vun WCK wiere getraff ginn, obwuel hiert d'Gefier "däitlech" mam Logo vun der Hëllefsorganisatioun markéiert gewiescht wier, heescht et vu palästinensescher Säit.

Bis ewell huet World Central Kitchen sech nach net zu der Situatioun geäussert.

Déi israeelesch Arméi huet awer erkläert, si hätt op "en Auto mat engem Terrorist, deen um Massaker vum 7. Oktober bedeelegt war", geziilt. Weider heescht et, datt et sech beim Auto ëm en "onopfällegt Zivilgefier" gehandelt hätt. D'Faart wier och net als Transport vun Hëllefsgidder ausgewise gewiescht.

Méi spéit huet d'Arméi confirméiert, datt et sech bei engem vun den Affer ëm e Mataarbechter vun enger US-Hëllefsorganisatioun handelt. Den "Terrorist" wier vun engem Massaker vum 7. Oktober zu Kibbuz Nir Oz dobäi gewiescht, hätt awer och fir d'Organisatioun WCK geschafft, esou huet d'Arméi erkläert.

Ufank Abrëll ware siwe Mataarbechter vun WCK bei enger Serie vun israeeleschen Attacken op hire Konvoi an der Gazasträif ëmkomm. Déi israeelesch Arméi hat deemools Feeler zouginn.

World Central Kitchen hat e Freideg iwwer sozial Medie matgedeelt, datt ee mat enger Bäckerei am Süde vun der Gazasträif géif zesummeschaffen, fir all Dag iwwer 23.000 Leiwer Brout an eng Regioun ze bréngen, déi vum Krich zerstéiert ass a wou d'Populatioun riskéiert, an eng Hongersnout ze falen.