Trump confirméiert Telefonat mam Maduro
© AFP
Den Donald Trump huet de Journalisten u Bord vun der Air Force e Sonndeg matgedeelt, datt hie mam venezuelanesche President Maduro telefonéiert huet.
Wat dobäi genee beschwat gouf, wollt den US-President net verroden. "Ech géif net soen, datt et gutt oder schlecht gelaf ass. Et war en Telefonat", sou den Trump op Nofro vun de Journalisten, déi gefrot haten, ob dobäi een Treffen tëscht béide Staatscheffen oder eng Amnestie fir de lénksgeriichte Maduro ausgemaach gi wier.
Wéi een US-Senateur méi spéit erkläert huet, soll d'US-Regierung dem venezuelanesche President d'Chance ginn hunn, d'Land ze verloossen. De Maduro selwer huet sengersäits vun enger "Aggressioun" aus Washington geschwat. Trotz dem Telefonat sinn d'Fronten tëscht béide Länner also weider verhäert. An deene leschten Deeg waren d'Tensiounen ëmmer weider geklommen, ënner anerem well den Trump de Loftraum iwwer Venezuela als zou erkläert huet.
Zanter September gräifen d'USA ëmmer rëm Booter an der Karibik an am Ostpazifik un, déi presuméierten Drogeschmuggler gehéiere sollen. Dobäi sinn no den Donnéeë vun den US-Autoritéiten no schonn 83 Mënschen ëm d'Liewe komm a méi wéi 20 Booter zerstéiert ginn.