Trotz deels delabréierter Infrastruktur a Problemer mat Retarde kommen nei Verbindunge bäi, mat virop méi heefege Connectiounen an d'europäescht Ausland.

Fir Lëtzebuerg kommen déi wichteg Verännerungen awer nach net elo, mee eréischt am Mäerz 2025. Eigentlech hätt e Sonndeg mam neie Fuerplang och sollen d'Weststreck zu Tréier nees fir de Persounentransport opgoen. Dat ass awer net opgaangen, well et Enkpäss bei de Liwwerungen an de Ressourcë gouf.

Wéi d'Deutsche Bahn am November matgedeelt hat, geet déi Streck dofir den 3. Mäerz eréischt op. Aktuell ginn op der reaktivéierter Streck nach eng ganz Rei Tester gemaach, ier d'Streck laanscht d'Musel vun Tréier op Lëtzebuerg dann am Fréijoer mat den neien Arrêten Trier-Hafenstraße, Trier-Pallien, Trier-West, Trier-Euren an Trier-Zewen opgeet. D'Aarbechte sollen deen Ament ofgeschloss sinn, just un de Lifter fir d'Arrête West a Pallien wäert viraussiichtlech nach bis an de Summer geschafft ginn.

Alles an allem fueren der Deutsche Bahn no elo méi wéi 330 Zich den Dag aus Däitschland an d'Nopeschlänner. Duerch den neie Fuerplang gëtt et elo en ICE vu Berlin op Paräis. Vun e Méindeg u soll een domat an 8 Stonne vun der enger an der anerer Haaptstad sinn. An Däitschland selwer fuere méi heefeg Schnellzich tëschent Berlin a Frankfurt. D'Tickete gi mam neie Fuerplang zum Deel méi deier.