Donald Trump confirméiert
Stacey Feinberg gëtt nei US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg

© AFP
Si wäert domat den aktuellen Ambassadeur Thomas M. Barrett ofléisen.
Wéi de frësch gewielten US-President Donald Trump an engem Schreiwes annoncéiert huet, gëtt d'Stacey Feinberg nei US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg. Si gehéiert zum enke Krees vum Trump an ass eng Business-Fra a méi Beräicher, ënnert anerem war si an enger Beroder-Firma fir den US-Sport aktiv, déi hire Papp gegrënnt hat. Donieft huet si schonn eng Rei Broadway-Musicals produzéiert a sech fir Fraen agesat.
Am meeschte gelies