Papp a Stéifmamm krute 40 respektiv 33 Joer fir de Mord un 10 Joer aler Duechter

© Surrey Police / AFP / Handout
Et war d'Urteel am Prozess ëm de brutale Mord un engem brittesch-pakistanesche Meedchen, dat no vill Tortur a Mëssbrauch 2023 gestuerwe war.
Den Urfan Sharif (43) an d'Beinash Batool (30) kruten um Old Bailey-Geriicht zu London op d'mannst 40, respektiv 33 Joer Prisong. Dat klengt Sara, wat de Papp aus engem éischte Mariage matbruecht hat, gouf reegelméisseg gefoltert mat alle méigleche Schikanen, déi sech seng Tuteuren ausgeduecht hunn. Säi Kierper war voll mat schwaarze Flecken, Bëss a gebrachene Schanken, well et mat metalle Staangen oder Cricketschléier geschloe gouf, wärend et festgestréckt war. Och de Monni krut 16 Joer Prisong, well hie Kompliz war an näischt gemaach huet.
D'Sara gouf am August 2023 an enger eideler Wunneng fonnt. D'Kand hat 71 Blessuren an op d'mannst 24 gebrache Schanken.
Déi 3 Erwuesse waren vu Woking am Südweste vu London fortgelaf a si mat 5 anere Kanner a Pakistan geflunn. De Papp huet dunn déi brittesch Police ugeruff, fir d'Dot ze mellen. No engem Mount goufen déi Dräi vun de pakistaneschen Autoritéiten u Groussbritannien ausgeliwwert. Déi aner Kanner sinn a Pakistan bliwwen.