"Ech hunn net genuch Wierder, fir d'Grausamkeeten ze beschreiwen"
© AFP/Mohamed Abed
Zanter méi wéi engem Joer attackéiert Israel Ziler an der Gazasträif, wat bis ewell zu zegdausenden Doudeger gefouert huet.
De 7. Oktober 2023 huet mat der Attack vun der Hamas op Israel e weidere Krich am Noen Osten ugefaangen an ass eskaléiert. Israel attackéiert zanter méi wéi engem Joer Ziler an der Gazasträif, wat bis ewell zu zegdausenden Doudeger gefouert huet. Israel steet massiv ënner Drock, vill ze brutal virzegoen, mä nawell geet d’Brutalitéit riicht weider.
Médecins sans frontières ass an der Gazasträif aktiv a fuerdert zanter Méint en direkte Waffestëllstand. Déi ganz Situatioun ass en Albdram, seet MSF an och eng Infirmière vun hinnen, déi op der Plaz war.
D’Karin Huster schafft als Infirmière fir d’Organisatioun Médecins sans frontières. Si war zanter de Krich elo amgaangen ass dräimol an der Gazasträif. Fënnef Méint waren et am Ganzen. Si ass ganz däitlech an hire Wieder: si hätt nach ni eng Arméi gesinn, déi esou eng laang a récksiichtslos Offensiv géint eng Zivilpopulatioun a besonnesch géint Kanner a Frae lancéiert hätt. An dat hätt näischt méi mam initialen Zil vun Israel ze dinn, nämlech d'Hamas lass ze ginn.
"Et ass einfach schrecklech. Ech mengen, ech hunn net genuch Wierder fir d’Grausamkeeten ze beschreiwen, déi hei geschéien. Et ass net just eng Famill. Et ass eng Famill no der anerer. Wann ech mir d’Lëscht ukucken an d’Konditioune firwat d’Leit wëllen ausreesen an enzwousch anescht wëlle versuergt ginn...d’Capacitéit a Gaza ass einfach net méi do. Déi ass vun der israeelescher Arméi – bewosst - ausgeläscht ginn"
Schonn zanter Méint nennt MSF Zeenen an der Gazasträif "apokalyptesch". D’Situatioun wär katastrophal.
"Schoulen, Unien, Moscheeën, Spideeler. Alles ass zerstéiert. Alles. Esou datt een net ka bleiwen. Et kann een net bleiwen, well et näischt gëtt, wou ee bleiwe kann."
Dat medezinescht Personal, wéi d’Karin Huster, ass mat extreme Situatioune konfrontéiert. Déi Spideeler, déi et nach gëtt, sinn iwwerfëllt. A Blesséierter kënnen net operéiert ginn, well et keng Plaz gëtt.
"D’Zuel vun de Kanner a Fraen, déi mir hei an eisen Urgencen an de Spideeler gesinn, ass einfach onvirstellbar. D’Zuel vun de Kanner, déi ech mat amputéierten Äerm a Bee gesinn hunn oder vun de Kanner, déi dout gemaach goufen, kann ee sech einfach net virstellen."
Schonn zanter engem Joer gëtt en direkte Waffestëllstand gefuerdert. An en Enn vun de Blockaden, fir datt déi humanitär Hëllef méiglech ass. Alt nees – a virun de Chrëschtdeeg – gëtt iwwer eng Wafferou verhandelt. D'Hamas wëll, datt Israel sech ganz zréckzitt. Israel wëll awer déi "voll Handlungsfräiheet" a Gaza.
Ob et Wonschdenken ass oder Optimismus wierklech ubruecht ass, ass schwéier soen. Et heescht awer, datt an den nächsten Deeg eng Wafferou fir d’Gazasträif méiglech ass.