Fra aus Hessen (D) soll hir 11 Joer al Duechter fir Mëssbrauch ugebueden hunn
Schwéier Virwërf maachen déi däitsch Autoritéiten enger 58 Joer aler Fra, déi elo op de Philippinnen verhaft konnt ginn.
Hir gëtt de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner virgehäit, heescht et vum hesseschen Landeskriminalamt e Mëttwoch. Déi haut 58 Joer al Fra soll vun 2004 un hir 11 Joer jonk Duechter hirem deemolege Mann aktiv fir de Mëssbrauch ugebueden hunn.
D'Duechter war aus enger anerer Bezéiung vun der Fra. Zum Zäitpunkt vun dëser Situatioun huet d'Famill an der Géigend vun Darmstadt gelieft. Bis 2009 wier d'Meedchen ëmmer nees mëssbraucht ginn an d'Fra soll d'Dote esouguer zum Deel gefilmt hunn. 2011 huet d'Meedchen dunn eng Plainte gemaach, ma zu deem Ament hat d'Mamm sech schonn op d'Philippinnen ofgesat. Da Stéifpapp war 2012 wéinst dem Mëssbrauch zu e puer Joer Prisong verurteelt ginn.
Zanter 2012 gëtt international no der haut 58 Joer aler Fra gesicht. 2023 huet d'LKA d'Sich iwwerholl an am Hierscht vum leschte Joer hat ee konkret Indicen, wou d'Fra sech kéint ophalen. Ufank November 2024 hunn d'Ermëttler si op de Philippinnen festgeholl an d'Fra gouf e Mëttwoch un Däitschland ausgeliwwert.