Een Doudegen a méi Blesséierter no Schéisserei

© afp
Bei enger Ausernanersetzung zu Hannover ass e 27 Joer ale Mann ëm d'Liewe komm. Weider Persoune goufe verwonnt.
Nach sinn d'Hannergrënn zu der Schéisserei onkloer, wéi d'Police vun Hannover matgedeelt huet. Déi blesséiert Leit koumen an d'Spidol. Wéi schwéier si blesséiert goufen, ass net bekannt.
Éischten Ermëttlungen no sinn e Mëttwoch den Owend bei enger Ausernanersetzung tëscht méi Leit Schëss gefall. D'Patrulle vun der Police, déi op d'Plaz koumen, hunn an der Géigend vun der Plaz e 27 Joer ale Mann fonnt, deen déidlech getraff gi war. De Quartier, an där d'Schéisserei war, ass wäitraimeg ofgespaart ginn an d'Sich no de presuméierten Täter gouf direkt lancéiert. Dobäi sinn och Sichhënn an Helikopter an den Asaz komm.
Am Verlaf vun der Sich gouf eng Persoun fonnt, déi blesséiert war. Ob et do en Zesummenhang mat der Schéisserei gouf, muss nach gekläert ginn.