Fënnef "Lions Club"-Benevoller aus Frankräich ëmkomm

© AFP
En Dënschdeg koum et am westafrikaneschen Togo zu engem déidleche Busaccident am Kader vun enger humanitärer Rees a Richtung Benin.
Ënnert den Doudesaffer si véier Persounen aus dem Departement Bouches-du-Rhône a Frankräich. Et handelt sech ëm d'Membere vun der benevoller Organisatioun "Lions Club", déi fir karitativ Zwecker op der Plaz waren. E fënneft Doudesaffer a Member ass vu Valenciennes.
Den Alexandre Doriol, Buergermeeschter vu La Ciotat, wou de Lions Club säi Sëtz huet, huet iwwer sozial Reseauen de Famillje säi Bäileed ausgedréckt.
Wéi et vum Gouvernement am Togo heescht, war den Accident en Dënschdeg géint 14 Auer geschitt. Eng 10 Persoune waren am Bus a Richtung Benin, wou eng Maternité sollt ageweit ginn.
E Pneu wier geplatzt an de Chauffer hätt d'Kontroll iwwer de Bus verluer, deen dunn en Hiwwel erofgefall an am Floss Yomaboua gelant wier. Wéi gesot, koume fënnef Persounen ëm d'Liewen, déi aner goufe verwonnt. Eng Persoun, en Awunner vun Aubagne, war am Koma, wier awer net méi a Liewensgefor, sou nach den Alexandre Doriol.
D'Affer goufen antëscht a Frankräich rapatriéiert. An der Stad La Ciotat koum e Mëttwoch d'Cellule de crise zesummen an d'Fändele goufen op Hallefmast gesat.