Wärend enger Übung vun der Bundeswehr zu Erding a Bayern koum et e Mëttwoch den Owend zu engem Tëschefall. D'Police huet op en Zaldot geschoss.

D'Übung vum däitsche Militär mam Numm "Marshal Power“ gouf deels am ëffentleche Beräicher duerchgefouert a gouf ënnert anerem vun Zaldoten, der Police an de Rettungsdéngschter begleet.

D'Police huet wärend der Übung e Mann mat enger Waff gemellt kritt an ass op d'Plaz gefuer. D'Autoritéiten hu matgedeelt, dass et eng "Feelaschätzung" gouf an ee Beamten dofir op en Zaldot geschoss hätt. Hie gouf liicht blesséiert an d'Spidol bruecht, konnt dëst awer nach den Owend selwer nees verloossen.

Eng Enquête ass an d'Weeër geleet ginn. Déi genee Ëmstänn sollen elo gekläert ginn.

Bei der sougenannter "Marshal Power"-Übung gëtt de Kampf hanner enger fiktiver Frontlinn am Verdeedegungsfall trainéiert.