Fréiere franséische President Sarkozy kritt Foussfessele fir ee Joer
An der Affär Bismuth gouf elo den Ex-Staatschef bei eisen Nopere verurteelt, dat zu dräi Joer Prisong.
De Sarkozy war schonn an éischter an an zweeter Instanz wéinst Korruptioun verurteelt ginn. Fir d'Urteel ze kippen, war de fréiere franséische President virun d'Cassatiounsgeriicht gezunn, wat awer elo d'Urteeler vu virdru confirméiert huet. Dowéinst ass d'Urteel, datt de Sarkozy ee Joer laang Foussfessele muss undoen, rechtskräfteg, nodeem d'Cassatiounsgeriicht zu Paräis den Asproch vum 69 Joer ale Politiker ofgeleent huet. Am ganze krut de Sarkozy eng "Prisongsstrof" vun dräi Joer, eent mat Foussfesselen an zwee op Sursis.
Den Affekot vum Sarkozy huet schonn annoncéiert, datt ee sech d'Recht virenthält, virun d'Mënscherechtsgeriicht zu Stroossbuerg ze zéien.
Am Prozess, wou d'lescht Joer virum Appellsgeriicht en Urteel gefall war, goung et drëm, datt de fréiere franséische President 2014 iwwert säin Affekot Thierry Herzog probéiert soll hunn, vum Jurist Gilbert Azibert Resultater vun Ermëttlungen, déi u sech geheim waren, iwwert eng aner Affär ze kréien. Dem Azibert hat een deemools Hëllef ugebueden, fir e Posten zu Monaco ze kréien. Dëst Verhalen hätt d'Onofhängegkeet vun der Justiz a Gefor bruecht, esou d'Uklo. Déi zwee aner Bedeelegt goufe wéi de Sarkozy och zu dräi Joer Prisong, dovun zwee op Sursis verurteelt.
D'Cassatiounsgeriicht huet mat dëser Decisioun dës Strofe confirméiert.