Fréier Premierministere Borne a Valls a Regierung, Barrot bleift Ausseminister
© STEPHANE DE SAKUTIN / AFP
Zéng Deeg no der Ernennung vum François Bayrou zum neie Premier a Frankräich ass e Méindeg bekannt ginn, wéi d'Regierung wäert ausgesinn.
De Jean-Noël Barrot bleift Ausseminister.
Déi fréier Premierministesch Elisabeth Borne ass zréck an enger Regierung. Si këmmert sech ëm d'Educatioun, d'Formatioun an dat Digitaalt.
De fréiere Premier Manuel Valls krut de Ministère vun den Outre-Mer.
De Gérald Darmanin, dee bis 2020 Inneminister war, kritt d'Justiz.
De fréiere sozialistesche Minister François Rebsamen ass Minister fir den Amenagement du Territoire.
De Bruno Retailleau bleift Inneminister.
Den Eric Lombard vun der Caisse des Dépots soll Wirtschaftsminister ginn.
D'Rachida Dati géing d'Kultur behalen.
D'Catherine Vautrin ass Ministesch fir Aarbecht a Santé.
De Sébastien Lecornu gëtt Arméiminister.
D'Annie Genevard kritt de Ministère vun der Landwirtschaft.
D'Marie Barsacq kritt Sport a Jeunesse.
Am Ganzen huet déi nei Regierung 34 Ministeren.
De Xavier Bertrand - de President vun der Regioun Hauts-de-France - ass net ewéi erwaart Deel vun der Regierung ass.
An engem Statement op de soziale Reseauen huet hie geschriwwen, hie géif refuséieren, Deel vun enger Regierung ze sinn, déi den Accord vun der Marine Le Pen huet.
D’Cheffin vun de franséische Gréngen kritiséiert, datt d’Regierung net ausgeglach wär. Déi riets Ministere wäre ganz riets, an déi pseudo lénk Vertrieder guer net méi lénks. Och d’Marine Le Pen huet keng ze grouss Erwaardungen un déi nei Regierung. D’Oppositioun misst matabezu ginn.
Um Sonndeg waren et eng Rei Entrevuen tëscht dem President a sengem Premier. De Bayrou wollt d'Regierung op alle Fall viru Chrëschtdag bekannt maachen.
Um Méindeg ze Mëtteg war et a Frankräich eng Staatstrauer fir Mayotte.