US-Riichterin erkläert Asaz vun Nationalgard zu Portland fir illegal
© SEAN BASCOM / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP
An der Diskussioun ëm den Asaz vun der US-Nationalgard zu Portland gouf et eng geriichtlech Néierlag fir den Donald Trump.
D'Riichterin Karin Immergut, déi vum Donald Trump selwer ernannt gouf, huet den Asaz vun der Nationalgard zu Portland am Bundesstaat Oregon als illegal bezeechent an ordonéiert, dass dëse soll gestoppt ginn.
An hirem Urteel, dat der Noriichtenagence AFP virläit, heescht et, dass et zu Portland weeder en Opstand, nach d'Gefor vun engem Opstand géif ginn, deen den Asaz vun der Nationalgard géing rechtfäerdegen. Virun hirem Urteel hat d'Immergut den Asaz vun der Nationalgard an der Stad scho mat enger riichterlecher Uerder blockéiert. Dës gëtt elo vum Urteel ersat. Allerdéngs kann d'US-Regierung nach an Appell goen.
Den Donald Trump hat seng Decisioun, fir d'Nationalgard op Portland ze schécken domat begrënnt, dass et op de Stroosse vun der Stad zu onkontrolléierter Gewalt kéim. Gemengt sinn domadder an éischter Linn d'Protester géint seng restriktiv Awanderungspolitik an d'Virgoe vun der federaler Immigratiounsagence ICE. Den US-President huet Portland als eng "vum Krich zerstéiert" Stad bezeechent. Déi lokal Autoritéite weisen dat vehement zeréck.
Wéi och déi aner Stied, an déi den Donald Trump d'Nationalgard geschéckt huet, huet Portland en demokratesche Buergermeeschter.