En Dënschdeg war e Fliger vum Typ MD-11 vun der Transportfirma UPS kuerz nom Start um Fluchhafe vu Louisville am US-Bundesstaat Kentucky erofgefall.

Op d'mannst 14 Leit si beim Ongléck ëm d'Liewe komm.

Elo huet UPS Konsequenzen aus dem Ongléck gezunn. Bis op Weideres wäert een net méi mat Maschinne vum Typ MD-11 fléien. Dat huet d'Transportfirma e Freideg annoncéiert. D'Fligere vun dësem Typ, déi Deel vun der UPS-Flott sinn, wäerten also elo um Buedem bleiwen. Wéi et weider vun UPS heescht, géif ee mat dëser Decisioun enger Recommandatioun vum Produzent "McDonnell Douglas" vum Fliger nokommen.

En Dënschdeg war eng Maschinn vun UPS vum Typ MD-11 kuerz nom Start um Fluchhafe vu Louisville am amerikanesche Bundesstaat Kentucky erofgefall. Op d'mannst 14 Leit waren sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Op Opname vun den Iwwerwaachungskamerae vum Fluchhafen wier der Administratioun fir Verkéierssécherheet no ze gesinn, dass de lénken Undriff sech nom Start vun der Maschinn vum Fligel geléist huet. D'Auswäertung vun der Blackbox soll weider Informatiounen iwwert den Oflag vum Accident liwweren.