Russland warnt viru Spekulatiounen, Aserbaidschan mécht Drock

Et sti weider vill Froen op zu dem Passagéierfliger aus Aserbaidschan, dee virun e puer Deeg am Kasachstan erofgefall ass, a wou 38 Leit gestuerwe sinn.
Mëttlerweil mécht déi aserbaidschanesch Regierung Drock op Russland a schwätzt offiziell dervun, dass d’Maschinn effektiv vun enger russescher Fluchofwierrakéit getraff gi wier. De kasachesche President huet betount, et géif een alles dru setzen, de Virfall opzeklären.
De Fliger war eigentlech um Wee fir op Grosny, der Haaptstad vun der russescher Deelrepublik Tschetschenien.
Schied um Wrack vum Fliger géifen drop hindeiten, dass e vu bausse beschiedegt gi wier. Zu deem Moment huet d’russesch Fluch-Ofwier am Nordkaukasus ukrainesch Dronen ofgeschoss.
Russland selwer warnt viru Spekulatiounen, mécht awer selwer en zäitleche Lien tëscht engem Dronen-Alarm an dem Accident. D’Situatioun wier dee Moment ronderëm de Fluchhafe vu Grosny immens komplizéiert gewiescht, well et Attacke vun ukraineschen Drone ginn hätt. Dowéinst wier de Fluchhafen zou gewiescht. Nach net kloer ass, firwat de Fliger dunn a Richtung Kasachstan deviéiert huet.