Baden-Württemberg
Mann no presuméierter Amokfaart mat Bagger vu Police erschoss
© AFP
A Baden-Württemberg, am Krees Main-Tauber, huet e Mann e Bagger geklaut an domadder e Policeauto an aner Gefierer getéitscht.
Géint 13 Auer en Dënschdeg soll e Mann um Terrain vun enger Baufirma e Bagger geklaut hunn. Nodeems hie schonns um Terrain vun der Baufirma fir vill Materialschued gesuergt huet, ass dëst um Wee Richtung Tauberbischofsheim esou weidergaangen. Eng Partie Leit, dorënner och eng Polizistin, goufe blesséiert.
De presuméierten Amokfuerer huet sech vu kengem, och net vu sëllege Policepatrullen, stoppe gelooss. Eréischt, wéi d'Beamten op de Mann geschoss hunn, ass de Bagger un d'Stoe komm. Den Täter ass nach sur place gestuerwen.
Am meeschte gelies