E Freideg gouf et eng gréisser Stéierung op den däitsche Fluchhäfen. Et war net oder just schwéier méiglech, fir an Däitschland an- an auszereesen.

E Freideg den Owend konnten d'Probleemer geléist ginn. D'Computer-Systemer vun der däitscher Bundespolizei fir d'Kontroll bei An- an Ausreese funktionéieren nees. Dat hunn d'Autoritéiten am fréie Freidegowend matgedeelt.

Verschidden däitsch Medien haten e Freideg am Nomëtteg gemellt, datt et gréisser technesch Stéierungen op de Fluchhäfen an Däitschland géing ginn. Wéi et vu Bild heescht, soll et sech ëm Stéierunge bei de Programmer vun der däitscher Bundespolizei gehandelt hunn, déi jo essentiel sinn, fir op Fluchhäfen Dokumenter bei der Arees vu Passagéier ze préiwen. Villes hätt deemno misse manuell, eenzel kontrolléiert ginn, wat natierlech fir laang Waardezäiten op de betraffene Fluchhäfe gesuergt huet.

Ënnert anerem de WDR hat gemellt, dass um Fluchhafen zu Düsseldorf d'Waardezäit, fir anzereesen, zäitweis bei ronn 2 Stonne louch.