Ënnert anerem soll esou méi kloer ervirgehuewe ginn, dass Alkoholkonsum kriibserreegend ass.

De Chef-Dokter vun der US-Regierung fuerdert dann och op Grond vun dëse Risiken, déi Alkohol mat sech bréngt, eng Neibewäertung vum deegleche Grenzwäerter beim Konsum.
 
Wéi de General-Chirurg Vivek Murthy betount, wier den Zesummenhang tëscht Alkohol a Kriibs schonn zënter den 80er Jore bekannt an dass et ëmmer méi Beweiser ginn, déi op dës Geforen hiweisen.

"Alkohol ass eng bekannten, evitéierbar Ursaach vu Kriibs, déi an den USA am Joer ronn 100.000 Persoune betrëfft a fir 20.000 Doudesfäll a Relatioun mat Kriibs responsabel ass", sou de Murthy an enger Erklärung. Dëst wier méi eng héich Zuel, wéi déi 13.500 duerch Alkohol provozéiert Verkéiersdoudeger.

Dohier, esou de Murphy weider, wier et noutwenneg, d'Ëffentlechkeet besser a méi geziilt doriwwer z'informéieren. Hie fuerdert dohier de Kongress op, d'Kennzeechnungen op alkoholeschem Gedrénks unzepassen an op de Risk vu Kriibs hinzeweisen, wéi dat beispillsweis schonn a Südkorea oder an Irland de Fall ass.

Alkoholkonsum erhéijt de Risk fir op d'mannst 7 Kriibszorten, dorënner Broscht-, Daarm-, Liewer- oder Mondkriibs. Eleng bei Broschtkriibs ass Alkohol fir 16,4% vun all de Fäll verantwortlech.

Enger Ëmfro no, déi am Joer 2019 gemaach gouf, konnten nëmme 45% vun den US-Amerikaner Alkohol als Kriibs-Risiko-Facteur identifizéieren, am Verglach mat 91% bei Stralung, 89% bei Tubak oder 53% bei massivem Iwwergewiicht.