Kanzler Nehammer annoncéiert Récktrëtt no geplatzte Koalitiounsgespréicher

© JONATHAN RAA / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Als éischt haten déi liberal "Neos" d'Dier geklaakt. E Samschdeg den Owend sinn d'Koalitiounsverhandlungen an Éisträich dann endgülteg geplatzt.
Wéi déi éisträichesch Presseagence APA mellt, huet déi konservativ ÖVP vum Bundeskanzler Karl Nehammer d'Gespréicher mat der sozialdemokratescher SPÖ ofgebrach. Wéi et an deem Zesummenhang vum Nach-Regierungschef heescht, wier et net méiglech gewiescht, bei zentrale Punkten op eng Eenegung ze kommen. Et géif deemno kee Sënn maachen, weider ze verhandelen.
Wochelaang gouf an der Alpe-Republik iwwert eng méiglech Dräierkoalitioun tëscht ÖVP, SPÖ an de liberalen "Neos" verhandelt, éier d'Gespréicher dann zanter e Freidegowend zu zweet weidergefouert goufen. D'Neos hunn d'Verhandlungen e Freidegmëtteg verlooss. Dat, well déi zwou aner Parteien der liberaler Parteicheffin Beate Meinl-Reisinger no net bereet gewiescht wieren, iwwer dréngend néideg Reformen ze schwätzen. ÖVP an SPÖ hate sech doropshin decidéiert, d'Gespréicher zu zwee weiderzeféieren. Béid Parteie wieren zesummen op eng Majoritéit vu genee engem Sëtz am Parlament komm.
Déi éisträichesch Wirtschaft befënnt sech den Ament an enger Rezessioun an ass 2024 fir dat zweet Joer um Stéck zeréckgaangen. Dobäi kënnt en héije Budgetsdefizit an eng Staatsverscholdung, déi 2023 bei 78,6 Prozent vum PIB louch.
Bei de Parlamentswalen Enn September zejoert gouf déi rietsextreem FPÖ mat hirem Kanzlerkandidat Herbert Kickl déi stäerkste Partei. Allerdéngs wëll keng vun den anere Parteien eng Koalitioun mat hir agoen. Vum Nach-ÖVP-Chef Nehammer huet et dozou e Samschdegowend geheescht: "Es ist meine tiefe Überzeugung, dass Radikale für kein
einziges Problem eine Lösung bieten."
Karl Nehammer annoncéiert Récktrëtt an den nächsten Deeg
Den Nach-Regierungschef huet trotzdeem politesch Konsequenzen aus dem Platze vun de Koalitiounsgespréicher gezunn. An engem Videomessage huet hien annoncéiert, dass hie bannent den nächsten Deeg esouwuel als éisträichesche Kanzler wéi och als Chef vu senger Partei wäert demissionéieren.
Politesch Zukunft vum Land ongewëss
Wéi déi politesch Zukunft vum Land ausgesäit, ass den Ament ongewëss. No de Walen am September zejoert ware sech déi aner Parteien eens, dass een d'FPÖ vun der Muecht wéilt ewechhalen. Bannent der ÖVP stoung allerdéngs besonnesch de Karl Nehammer fir dës Positioun. De wirtschaftsliberale Fligel vun der Partei wëll léiwer mat der FPÖ wéi mat der SPÖ koaléieren.