Keen Iwwerliewende bei Kollisioun tëscht Fliger a Militärhelikopter, esou Trump
A senger Ried zu der Situatioun huet den US-President matgedeelt, datt elo aus der Rettungsmissioun eng Biergungsmissioun gi wier.
"Et gëtt keng Iwwerliewender", sot den US-President Donald Trump viru Journalisten. "Als Natioun trauere mer ëm all Séil, déi op esou eng tragesch Aart a Weis vun eis geholl gëtt. Dat geet ville Mënsche ganz no". Domadder confirméiert den US-President den Doud vun de 64 Leit aus dem Passagéierfliger an den dräi Zaldoten aus dem Black-Hawk-Helikopter.

© Photo by ROBERTO SCHMIDT / AFP
Wéi et zum Accident koum, wier aktuell nach net ganz kloer. Et hätt een awer "ganz staark Meenungen an Iddien". Indirekt mécht den neien US-President seng zwee Virgänger Joe Biden a Barack Obama fir den Accident verantwortlech, well si, dem Donald Trump no, d'Standarde fir d'Fluchlotsen massiv erofgesat hätten. Hie selwer hätt awer elo d'Tester, déi och wierklech eppes aussoen, nees agefouert.
Gelueft dogéint huet den Trump den Asaz vun de Rettungsekippen op der Plaz.
Wat war geschitt?
An der Nuecht eiser Zäit waren e Passagéierfliger an e Militärhelikopter matenee kollidéiert. Béid Maschinne sinn doropshin an e Floss gefall. Ma schonn e puer Stonnen nom Accident huet nach kaum Hoffnung bestanen, datt nach ee vun de 64 Persounen aus dem Fliger oder ee vun den 3 Zaldoten am Helikopter dës Kollisioun iwwerlieft hunn.
"Zum aktuellen Zäitpunkt denke mir net, datt et Iwwerliewender gëtt", sot de Chef vun de Pompjeeën, de John Donnelly. Eng 300 Rettungsleit waren zu deem Ament schonn zanter Stonnen am Asaz, fir d‘Leit ze sichen.
Éischten Informatiounen no ass e Passagéierfliger, eng Bombardier vun American Airlines, géint 21 Auer lokaler Zäit (3 Auer moies zu Lëtzebuerg) bei der Landung net wäit vum Ronald Reagan Flughafe mat engem Militärhelikopter vum Typ Black Hawk kollidéiert. De Fliger mat 64 Leit u Bord ass an de Floss Potomac gefall.
D’Maschinn vun American Airlines war vu Kansas aus gestart a sollt zu Washington landen. Am Helikopter waren dräi Zaldoten, déi een Trainingsfluch gemaach hunn, heescht et vun der amerikanescher Aviatiouns-Autoritéit. D’Rettungsaarbechte lafen. Dëst wier schwiereg, wéinst der Däischtert an den äisegen Temperaturen, heescht et vun den zoustännegen Autoritéiten. D’Chancen, Iwwerliewender ze fannen, ware scho kuerz nom Accident nach just ganz geréng.
Den US-President Trump huet entretemps säi Matgefill an engem Communiqué ausgedréckt an erkläert, datt hie permanent iwwert dëse schrecklechen Accident um Lafende géif gehale ginn.

Ongeféier hei ass d'Kollisioun tëschent dem Passagéierfliger an dem Militärhelikopter geschitt.
Eng 300 Rettungsleit sinn an der US-Haaptstad am Asaz a sichen an der Däischtert a bei äisegen Temperaturen no Iwwerliewenden. Den Expert an der Aviatioun a Pilot Geoffrey Thomas fäert, datt et keng Iwwerliewender gëtt.
"Et gouf eng Explosioun, ee Feierball 107 Meter iwwer dem Waasser. Da fält d’Maschinn erof. Da geet se an äiskalem Waasser ënner. D'Chance, dat ze iwwerliewen, ass ganz geréng, géing ech soen. An am Moment deit alles drop hin, datt nëmme wéineg Leit, wann iwwerhaapt, déi schrecklech Tragedie iwwerlieft hunn."
Iwwer d’Hannergrënn vum déidleche Fligeraccident ass den Ament wéineg gewosst. Et géing een alles maachen, wat ee kéint, fir esou séier wéi méiglech Äntwerten ze liwweren, esou de CEO vun American Airlines Robert Isom an enger éischter Reaktioun.
"Mir kooperéiere voll a ganz mam National Transportation Safety Board a wäerte weiderhin all Informatiounen zur Verfügung stellen, déi mer kréie kënnen. Eis Zesummenaarbecht leeft ouni Paus a mir wëllen alles iwwer d’Ongléck wëssen, wat méiglech ass."
Den US-President Donald Trump huet op senger Online-Plattform Truth Social gemengt, d’Accident hätt kënne verhënnert ginn. Hien huet d’Fro opgeworf, firwat de Kontroll-Tuerm dem Militär-Helikopter keng kloer Instruktioune ginn huet. Den Aviatiouns-Expert Geoffrey Thomas mengt dozou.
"Jo et war eng kloer Nuecht, mee et ass ganz ganz schwiereg, ee relativ klenge Fliger an der Nuecht ze gesinn. De Flughafen ass matten a Washington, an net an enger däischterer, ofgeleeëner Géigend, wou een all eenzel gutt Luucht erkennt. Et ginn iwwerall Luuchten. Ech si schonn dacks nuets geflunn, an et ass wierklech schwiereg, nuets een anere Fliger ze erkennen.”

© AFP
Iwwer d’Passagéier u Bord vun der Bombardier ass den Ament nach wéineg gewosst. Wéi verschidden US-Medie mellen, sollen ënnert de Passagéier vum American-Airlines-Fliger och eng Rei Membere vun der US-amerikanescher Äiskonschtlaf-Nationalekipp gewiescht sinn.
Medieberichter no sollen och déi fréier russesch Weltmeeschter am Koppel-Äislaf Jewgenija Schischkowa a Wadim Naumow ënnert den Affer sinn Déi staatlech russesch Noriichtenagencen TASS a RIA mellen en Donneschdeg, datt d'Schischkowa an den Naumow, déi 1994 a Japan eng WM-Goldmedail gewonnen haten, u Bord vun der Maschinn gewiescht wieren. De Kremlspriecher Dmitri Peswok huet de betraffene Famillen en Donneschdeg de Moie säi Bäileed ausgedréckt.