US-Stroftaxe wäerten och en Impakt op Lëtzebuerger Betriber hunn
Wann et ëm méiglech Stroftaxen op europäesch Produite geet, misst een op all Zenario preparéiert sinn, sou de Constat vun der Chambre de Commerce.
Den Donald Trump wëll eescht maachen. D’Europäesch Unioun hätt d’USA ze laang iwwert den Dësch gezunn:
"Mir hunn en Handelsdefizit vun iwwer 300 Milliarden Dollar. Si huele weder eis Autoen nach eis Agrar-Produiten. Si huele bal näischt. A mir huelen alles vun hinnen."
D’Fairness an den Handelsbezéiunge wëll hien iwwer Stroftaxen hierstellen, déi et fir europäesch Produite méi schwéier maachen, op den amerikanesche Marché ze kommen. E Marché, dee fir Lëtzebuerg historesch gesinn immens wichteg wier, sou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen:
"Mir hu ganz vill Echangen an der Industrie, an der Technologie awer och an de Finanzen. An dat schonn iwwer Joerzéngten."
Den US-Marché ass fir vill Lëtzebuerger Entreprisen nach ëmmer dee wichtegsten baussent Europa. D'Zuele vun der Weltbank ënnerleeën dat. Deemno huet Lëtzebuerg 2022 Wueren a Servicer am Wäert vu ronn 16,766 Milliarden Dollar exportéiert. D'Exporter a Richtung vun den USA hu 490,912 Milliounen Dollar ausgemaach. Dat entsprécht 2,93 Prozent um Total vun de Lëtzebuerger Exporter.
Spëtzereider vun den Exporter an d'Vereenegt Staaten ass d'Lëtzebuerger Stolindustrie, déi 2022 Wueren am Wäert vun 215 Milliounen Dollar an d'USA exportéiert huet. Op Plaz Zwee komme mat engem Export-Volume vun 162,247 Milliounen Dollar d'Produite fir Endkonsumenten, dat virun de Produiten, déi an den USA weiderverschafft gi mat 155,497 Milliounen Dollar. De Lëtzebuerger Technologie- an Elektronik-Secteur exportéiert da Wueren am Wäert vun 125,82 Milliounen Dollar an d'States.
Den Ament wier et awer nach schwéier ze soen, wéi eng Secteure besonnesch wäerte betraff sinn. D’Industrie an den Automobil-Secteur wiere sécherlech Kandidaten. Op alle Fall wier et wichteg, e kille Kapp ze behalen:
"Et gëtt jo am Moment vill vun Deale geschwat. Et gi Saachen annoncéiert an da gëtt gekuckt, wéi d’Reaktioun ass vu Partner op der aner Säit. An da gëtt dat vläicht erëm zeréckgeholl, well awer och vläicht iwwerluet gëtt, wat den Impakt kéint sinn op Amerika selwer."
Et wier den Ament net einfach fir d’Betriber an d’Investisseuren, déi Previsibilitéit brauchen. Et misst ee sech op all Zenario preparéieren, fir méiglechst gutt reagéieren ze kënnen:
"Et ass wichteg, dass d’europäesch Industrie geschützt gëtt, genau wéi och d’Wirtschaft a ganz Europa, datt déi och geschützt gëtt virun esou Moossnamen a sech opstellt, fir kënne mat deene beschten Äntwerten dorop ze reagéieren."
D’Annonce vum US-President huet jiddwerfalls an der Lëtzebuerger Industrie fir Nervositéit gesuergt, heescht et dann nach op Nofro vun der FEDIL. D'Industriellefederatioun ass am Gaangen, eng Analys auszeschaffen, déi se der Regierung nach am Februar wëll virleeën.