Lëtzebuerg wëll Palästina als Staat unerkennen

Foto vum UNO-Haaptsëtz zu New York. / © Photo by SPENCER PLATT / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Wéi d'Ministere Frieden a Bettel annoncéiert hunn, wëll Lëtzebuerg Palästina als Staat unerkennen – d'UNO-Vollversammlung misst awer nach Detailer klären.
Lëtzebuerg huet wëlles, Palästina als Staat unzëerkennen. Dat hunn de Premier Frieden an den Ausseminister Bettel e Méindeg virun der zoustänneger Chamberkommissioun gesot.
De Grand-Duché wéilt deemno eng Zwee-Staate-Léisung. Déi definitiv Decisioun soll awer réischt op der UNO-Vollversammlung zu New York falen, déi den 23. September ufänkt. Do sollen nämlech nach lescht Detailer mat anere Länner gekläert ginn.
Lëtzebuerg huet jo laang gezéckt, fir de Staat Palästina unerkennen, dat mam Argument, et géif een op de richtegen Ament waarden.
Aner Länner wéi Frankräich, Groussbritannien, Kanada oder d'Belsch hate schonn annoncéiert, datt si Palästina wäerten unerkennen.