Den 32 Joer ale Mann hat deemno versicht, an engem gastronomesche Betrib mat falsche Suen ze bezuelen, esou d'Police vun Tirol an engem Communiqué.

Bei enger Kontroll goufen insgesamt 300 Euro a Form vu gefälschte 50-Euro-Schäiner fonnt, a sengem Zëmmer konnte spéider weider 1.250 Euro, och a form vu gefälschte 50-Euro-Schäiner séchergestallt ginn. De Verdächtegen huet der Police géigeniwwer gestanen a wäert no Enn vun der Enquête vum Parquet eng Plainte kréien.