E Samschdeg war de Weibëschof Léo Wagener eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

10 Joer no der Trennung vu Kierch a Staat zitt de Weibëschof Léo Wagener e gemëschte Bilan. Wann een op d’Zuele vun de Gleewege kucke géing, da wier et natierlech e Verloscht, mee op der anerer Säit géif et ëmmer Leit ginn, déi sech fir Gott begeeschtere kënnen.

Zanterdeem et kee Reliounsunterrecht méi an de Schoule gëtt wier d’Zuel vun den ageschriwwene Kanner staark erofgaangen. Hat een deemools 60 Prozent vun de Schoulkanner am Reliounscours, wieren haut nëmmen nach 8 Prozent vun de Kanner am Primärschoulsalter an der Katechees ageschriwwen. Allerdéngs hätten déi och de Support vun hiren Elteren. Domat géif een op eng Kierch vun der Decisioun zousteieren, an net méi eng Kierch vun der Gewunnecht.

No der Trennung vu Kierch a Staat stéing een elo op eegene Féiss a géif net méi vum Staat kënschtlech um Liewe gehale ginn. Op der anerer Säit wier de finanziellen Drock op de Bistum an d’Poren awer grouss. Eleng fir d’Paie géif een dëst Joer warscheinlech déi 3 Milliounen depasséieren.

De Bistum hat 2023 en Defizit vun enger Millioun, 2022 ee vun zwou Milliounen. Et géif een sech op eng Duuschtstreck astellen.

8,5 Milliounen Euro Fonctionnementskäschten

De Kierchefong geréiert 142 Kierchen am Land an huet 109 Haiser, 112 Appartementer, 430 Hektar Bësch an eppes iwwer 1.000 Hektar Land.

Dat geséich no vill aus, ma et bräicht ee schonn 8,5 Milliounen Euro fir d’Fonctionnementskäschten ze decken, erkläert de Weibëschof Léo Wagener. D’Hallschent dovunner kéim aus dem Affer an Donen, ma dat géif pro Joer ëm 5 Prozent ofhuelen. Déi aner Hallschent aus der Locatioun vun den Immobilien. Esou wier de Kierchefong eenegermoossen am Equiliber, mee et kéint net sinn, dass d’Kierch hire Patrimoine "verschierbelen" misst.

Ob een déi 142 Kierchen nach hale kéint, wier eng gutt Fro, et géif awer keng "Blacklist" ginn, wou decidéiert géif, wéi eng Kierch als nächst entweit géif ginn.

De Léo Wagener plädéiert fir en Dialog mat der Regierung iwwert déi aktuell Erausfuerderunge vun der Kierch, dorënner och de Schutz vun de Gebaier. D’Kierch plangt aktuell och un e puer Immobilieprojeten: beim Stater Konvikt an um Zens. Et géif een hoffen, dass et do geschwë ka lassgoen.

Kritik no Poopstvisitt: "Ech si frou, dass de Poopst esou ass, wéi en ass"

D’Visitt vum Poopst François am September 2024 wier fir d’kathoulesch Kierch an d’Land en Aushängeschëld gewiescht. D’Biller vum Poopst a senge Geste wieren hänke bliwwen, an d’Kierch hätt e positive Retour vun de Leit krut.
Dem Poopst seng staark kritiséiert Aussoen iwwer Fraen op der Uni Louvain den Dag drop hätten awer och Auswierkungen op Lëtzebuerg gehat. Am September an am Oktober wieren eng 80 Leit ausgetrueden. Dat wier e Pic, schliisslech wieren et der eng 200 d’Joer.

De Weibëschof betount, de Poopst hätt déi Aussoe vläicht nach e Stéck anescht gemengt, wéi se duerno opgeholl goufen.

Caritas: "Mir waren ausser Stand, déi doten Zommen op den Dësch ze leeën"

Wéi hie fir d’éischt vum Skandal ëm déi verschwonnen 61 Milliounen Euro bei der Caritas héieren huet, wier hien an enger "Schockstarre" gewiescht, seet de Weibëschof Léo Wagener. De Bistum wier zu engem bestëmmte Moment gefrot ginn, ob ee wéilt bei enger neier Entitéit matmaachen. Do hätt een no de Valeure gefrot, an no engem Brouillon vun de Statutten:

"En fin de compte hu mer en ni ze gesi kritt. Et si Fuerderunge pekuniärer Aart gestallt ginn, wat géif gebraucht ginn. Dat ware Chifferen, déi sech ëm déi, eng Kéier war et iwwer fënnef Milliounen, fënnef an eng hallef Millioun, eng Kéier war et siwe Milliounen, notamment wat den internationale Beräich géif ubetreffen. (…). A mir waren ausser Stand, jiddefalls fir déi dote Zommen, op den Dësch ze leeën. Mir hu gesot, mir wëllen, mir wëllen eppes maachen.”

Schlussendlech hätt een 330.000 Euro un d’Caritas-Mataarbechter an de Südsudan iwwerwisen. Et geséich een a reegelméissegen Ofstänn d’Membere vum Rescht vun der Caritas, fir dass dat, wat nach do ass, net an eng forcéiert Liquidatioun kéim, "mee et ass kloer, dass muss Patrimoine veräussert ginn, fir Liquiditéiten ze schafen, fir d'Gläubeger ze bedéngen."

De Weibëschof huet den 12. Mäerz ee Rendez-vous bei der Caritas-Spezialkommissioun vun der Chamber.

Verbum Spei: Kee Mëssbrauch vu Mineuren hei am Land bekannt

D’Brudderschaft Verbum Spei huet 2016 hei zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst a kënnt ursprénglech aus Mexiko. Do gouf se aus enger anerer Grupp eraus gegrënnt, déi wéinst Mëssbrauchsfäll an der Kritik stoung. Zu Lëtzebuerg wiere keng Fäll bekannt, wou et ëm de Mëssbrauch vu Jugendlecher goung:

"Et ass een neit Element komm, wat sou war, dass ee vun de Patere mat enger erwuessener Persoun eng Relatioun hat, an innerhalb vun där Relatioun goufen et Undeitungen, dass déi, muss emol soen, deen Enseignement net komplett aussen vor war.”

Doropshin hätt de Kardinol eng Enquête beoptraagt, an d’Zesummenaarbecht wier elo eriwwer. Am Réckbléck kéint ee sech schonn de Reproche gefale loossen, dass een net déif genuch recherchéiert hat.

Generell gekuckt wieren der Mëssbrauchs-Beoptrage vun der kathoulescher Kierch dëst Joer zwee Fäll gemellt ginn, déi een un de Parquet viru géif ginn. Déi géifen allerdéngs scho laang zeréckleien.

Background am Gespréich: Wéi gesäit d'Zukunft vun der kathoulescher Kierch aus?

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.