De Johann Williams gëtt zanter dem 13. Februar vermësst. Dat nodeems hie warscheinlech op den 2.000 Meter héije Bierg Gingalos op Kreta wollt klammen.

De Johann Williams war an de leschte Jore reegelméisseg zu Lëtzebuerg, säi Papp wunnt zu Rolleng.
D'Pascale Schiltz huet mam Papp zwee gemeinsam Kanner, all zweete Weekend war de Johann op Besuch am Grand-Duché:

"Hien ass e passionéierten Trail-Leefer. Den Ament studéiert hien zu Heidelberg a war elo an de Semesterferien op Kreta, fir do an de Bierger lafen ze goen."

En Donneschdeg 13. Februar 2025 hat seng Schwëster eng leschte Kéier Kontakt mam Brudder vun 20 Joer, zanterhier feelt all Spuer vum Johann Williams. Eng Iwwerwaachungskamera hat de Johann Williams opgeholl, wéi hie vum Parking a Richtung Samaria-Schlucht gestart ass.

Rettungsekippe siche mat Helikopter, Dronen a Sichhënn, allerdéngs maache Schnéi a Niwwel d'Sich net einfach.

"Mir hunn och versicht, datt Hëllef aus dem Ausland kann zousätzlech op d'Plaz kommen. Dat gouf bis elo net erlaabt vun de griicheschen Autoritéiten", esou d'Pascale Schiltz.

RTL

Dëst ass déi offiziell Vermësstemeldung vun de griicheschen Autoritéiten.

Wéineg Hoffnung, dass hien nach lieft

"Mir wëssen, dass d'Chancë geréng sinn, dass hien nach lieft. Mir wëllen hien awer fannen."

Mëttlerweil sinn nieft dem Papp, sengen zwou Schwësteren a sengem grousse Brudder och Frënn op der Plaz, déi zousätzlech hëllefen ze sichen. Och Ex-Militär mat Erfarung géifen d'Efforte vun der Famill ënnerstëtzen.

D'Famill huet  e private  Spendenopruff gemaach, mat de Sue konnt elo um Sonndegmëtteg en Helikopter fir 4 Stonne bezuelt ginn, dat mat engem Käschtepunkt vun 20.000 Euro.

De Gingalos ass eng extreem schwéier Streck an den Zougank zur Samaria-Schlucht ass am Wanter offiziell gespaart. Ëmmer nees kommen d'Touristen an de Bierger vu Kreta ëm d'Liewen.