Dem Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel no misst ofgewaart ginn, wat eng Mediatioun am Laf vun dëser Woch ergëtt.

An de leschte siwe Woche sinn am Oste vum Kongo op d’mannst 7.000 Leit bei schwéiere Kämpf ëm d’Liewe komm. Dat huet d’Premierministesch Judith Tukula Suminwa bei enger Ried virun der UNO confirméiert. Well Dosende vu Flüchtlingscampen zerstéiert sinn, hu ronn 450.000 Kongoleesen den Ament och keen Ënnerdaach. Knapp dräi Millioune Leit goufen aus de Konfliktgebidder ronderëm Goma verdriwwen, wou d’Rebelle-Miliz M23 d’Soen huet.

D'Provënz Nord-Kivu gëllt als besonnesch räich u Buedemschätz. Eleng do wieren der Suminwa no méi wéi 3.000 Awunner ëmbruecht ginn. De Kongo reprochéiert dem Nopeschland Ruanda, d'Miliz ze ënnerstëtzen. Eng rezent UNO-Resolutioun fuerdert Ruanda och op, domat opzehalen an déi eegen Truppen aus dem Oste vum Kongo zeréckzezéien.

Keng Sanktioune géint Ruanda: Ausseminister Bettel erkläert Positioun
Dem Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel no misst ofgewaart ginn, wat eng Mediatioun am Laf vun dëser Woch ergëtt.

An där ganzer Diskussioun steet Lëtzebuerg iwwregens aktuell zimmlech eleng do. Den Ausseminister Xavier Bettel huet e Méindeg nämlech am Kader vun engem Conseil vun den EU-Ausseministeren Sanktioune géint de Ruanda an d'Miliz M23 als Eenzege blockéiert. Hie plädéiert dofir, dass soll ofgewaart ginn, wat eng Mediatioun am Laf vun dëser Woch ergëtt. Sou steet et an engem Schreiwes aus dem Ausseministère vum Méindeg.

Anerefalls géif ee riskéieren, dass d’Gespréicher tëscht de Konfliktparteie guer net réischt zestane kommen. Dës Positioun gëtt am Ausland net begréisst. Schaarf Kritik kënnt notamment aus der Belsch.

Aus dem Communiqué vun e Méindeg:

Les ministres ont également eu une discussion sur la République démocratique du Congo. Les ministres ont rappelé que l’UE est vivement préoccupée par la poursuite de l’escalade du conflit dans l’est de la RDC, aggravée par l’offensive du M23. La situation actuelle dans l’Est de la RDC est très difficile, et tous les acteurs impliqués doivent redoubler d’efforts pour y remédier. Les efforts de médiation africains semblent, à ce stade, les plus prometteurs pour œuvrer en faveur d’une résolution du conflit, et le ministre Xavier Bettel a soutenu ces efforts de médiation. Des sanctions contre les responsables du groupe M23 ont été retenues. L'UE prépare de nouvelles mesures restrictives en réponse à la situation à l'est de la RDC à l’encontre du Rwanda. Xavier Bettel a suggéré d'attendre les résultats des efforts de médiation africains de cette semaine avant de les mettre en œuvre pour éviter que les parties se désengagent de ces pourparlers avant même qu’ils aient lieu.