Wéi Big Carbon d’Klimadebatt manipuléiert
© LUDOVIC MARIN / AFP
Eng grouss Majoritéit vun de Mënschen op der Welt ënnerstëtzt d'Klimapolitik an awer ass d’Klima-Desinformatioun am Internet nach ëmmer weit verbreet.
Dëst besonnesch elo virun der nächster Weltklimakonferenz, der COP30 a Brasilien. Dat weist en neie Rapport vun der Organisatioun "Climate Action Against Disinformation" (CAAD).
Falschmeldungen iwwert de Klimawandel: Wann d'Ligen d’Wëssenschaft verdrängen
D’Fuerscher hu sëllegen Online-Plattformen am Virfeld vun der Konferenz ënnersicht an eng massiv Augmentatioun u falsche respektiv manipuléierte Contenue constatéiert. Der Etüd no wier d’Zuel vun de Fäll, an deenen Desinformatiounen, déi sech op d'COP bezéien, verbreet goufen, tëscht Juli a September ëm 267 Prozent geklommen.
KI-Video verbreet falsch Biller vu Belém
Am Ganze goufe ronn 14.000 Beispiller fonnt, dorënner e Video, dee mat Kënschtlecher Intelligenz produzéiert gouf. Dëse weist eng Reporterin an enger iwwerschwemmter Stad déi der d’Konferenzstad Belém a Brasilien ënelt. Den Titel: "The truth about COP30 in Belém in 2025". D’Reporterin, d’Waasser an d’Stad awer si komplett erfonnt.
Klima-Desinformatioun pokert drop, Doutten un der Wëssenschaft an un de Klimamesuren ze verbreeden. Der CAAD no gehéieren och grouss Energie- a Landwirtschaftsentreprisen zu de Produzente vu Falschinformatiounen. "Dës Acteuren, déi ënnert dem Begrëff 'Big Carbon' zesummegefaasst ginn, probéieren d’Ëffentlechkeet ze iwwerzeegen, datt et kee richtege Konsens iwwert de Klimawandel gëtt", esou de Rapport. "Si schwächen och d’Solidaritéitsgefill bei deene Leit, déi politesch Aktioune fuerderen."
Ma net nëmmen d’Industrie, och Tech-Plattformen droe Responsabilitéit, well se dës Inhalter ouni genuch Kontroll weiderverbreeden. Schonns 2023 hat eng Etüd opgedeckt, datt Energie-Firmen ewéi "Shell", "ExxonMobil", "BP" an "TotalEnergies" bis zu fënnef Milliounen Dollar an Desinformatiounannoncen op Facebook investéiert hunn.
Der CAAD no géifen esou Message "séier a bëlleg iwwer sozial Medien an Online-Sichmaschinne verbreet" a géife politesch Mesuren ënnergruewen.
Desinformatioun och Thema op der COP 30
D'Thema "Desinformatioun" ass e grousse Sujet. Een deen dëst Joer och offiziell op der COP30 a Brasilien diskutéiert gëtt. Eng nei Initiativ mam Numm "Global Initiative for Information Integrity on Climate Change" – eng Zesummenaarbecht tëscht dem Organisatiounsland Brasilien, der UN an der UNESCO – soll d’Fuerschung an de Schutz géint Desinformatioun stäerken.
E puer Deeg virun der COP nach hunn de brasilianesche President Luiz Lula da Silva an de franséische President Emmanuel Macron gewarnt, datt gefälschte Klima-Noriichten e Risiko fir d’Demokratie wieren. "Extremistesch Muechte fabrizéiere Fake News, fir politesche Gewënn ze maachen an d’Gesellschaft an engem vereelzte Modell festzehalen", esou de Lula.
Zum Schluss huet den UN-Generalsekretär António Guterres déi concernéiert Entreprisë staark kritiséiert: "All Brochdeel vun engem Grad (Äerderwäermung) bedeit méi Honger, méi Flucht a méi Verloscht, virun allem fir déi, déi am mannste Schold droen. Dat ass e moraleschen Echec – an eng déidlech Noléissegkeet. (…) Ze vill Konzerner maache Rekord-Beneficer mat Klima-Zerstéierung, investéiere Milliarden, fir d’Ëffentlechkeet ze täuschen a Fortschrëtter ze blockéieren."