EIB wëll Limite fir d’Finanzéierung vun der Defense erhéijen
D’EU-Kommissioun huet e Pak presentéiert, fir d’EU erëm opzerëschten.
800 Milliarden Euro alles an allem sollen déi nächst Joer fir d’Defense deblockéiert ginn. D’europäesch Investitiounsbank huet zwee Deeg virum Spezialsommet zu Bréissel de 27 Staats- a Regierungscheffe per Bréif proposéiert, fir d’aktuell Limitte fir Investitiounen an d’Defense opzehiewen a méi Projeten, fir Kreditter eligibel ze maachen.
Um Méindeg nach hat d’Presidentin vun der EIB, d’Nadia Calviño, Journalisten hei um Kierchbierg gesot, d’EIB géing hir Investitioune dëst Joer zwar verduebelen, mee just op 2 Milliarden Euro. No den Evenementer vun de leschten Deeg kéint dee Montant weider evoluéieren.
An hirem Bréif, deen RTL virläit, proposéiert d’EIB, datt den operationelle Kader ofgeännert an en richtegt Mandat fir d’Sécherheet definéiert gëtt. E Mandat mat enger "ambitiéiser Allokatioun vu Fongen a Kapital", déi d’Bank all Dag géing festleeën. Dat géing erlaben, de Volume vun disponibele Fongen an d’Luucht ze setzen a gläichzäiteg déi aner Prioritéite vun der EIB auszeféieren.
D’Investitiounsbank wäert zwar weiderhi net direkt a Waffen oder Munitioun investéieren, mee d’Presidentin vun der EIB huet als Beispiller Infrastruktur am Beräich vun der Mobilitéit vum Militär genannt, Kasären oder nach Projeten am Weltall ewéi ee vun der SES, deen d’Investitiounsbank iwweregens matfinanzéiert.
Flexibel sinn an zesummenhalen
D’Nadia Calviño huet d’aktuell geopolitesch Lag mat "tektonesche Placken" verglach. Am Géigesaz zu de Lëtzebuerger Politiker hätt dat, wat e Freideg am Wäissen Haus geschitt ass, si net iwwerrascht. Et wier eng Realitéit, datt d’Weltuerdnung, déi Europa déi lescht 80 Joer Friddensdividendë ginn huet amgaang ass, "radikal ze änneren". Elo misst ee "flexibel" sinn, "sech upassen" a virun allem "zesummenhalen", esou d’Nadia Calviño.
Zesummenhalen? Mat Memberstaaten ewéi Ungarn oder d’Slowakei, déi ganz retizent sinn, fir d’Ukrain z’ënnerstëtzen – fir et fein auszedrécken? Respektiv anere Memberstaaten, déi skeptesch sinn géintiwwer der Iddi, datt eng EU d’national Verdeedegung decidéiert? D’EIB-Presidentin wollt d’Positioun vun eenzele Memberstaate net kommentéieren. Si sot awer jidderee muss seng Roll spillen: "d’national Verdeedegungsministèren, d’EU Kommissioun, d’europäesche Verdeedegungsagence (AED), d’NATO."
Vun e Mëttwoch un a bis e Freideg organiséiert d’europäesch Investitiounsbank e Forum hei zu Lëtzebuerg mam Thema "an ee méi nohaltegt a séchert Europa investéieren". Ewéi et heescht géing et am Laf vun der Woch eng Rei Annonce gi vu neie grousse Projeten, déi d’EIB mat wäert finanzéieren.