US-Ministeren hu geheim Militärpläng an ongeséchertem Gruppenchat beschwat

© AFP
Fir d'Loftattacke géint d'Huthi-Miliz am Jemen ze plangen huet d'US-Regierung ee Gruppenchat opgemaach, an dobäi och ee Journalist an de Grupp agelueden.
An den USA gouf an der Nuecht op en Dënschdeg eng markant Sécherheetspann opgedeckt. Ee Journalist soll Mëtt Mäerz an e Gruppenchat ageluede gi sinn, an deem iwwer geheim Militärspläng, méi genee iwwer d'US-Loftattacken am Jemen diskutéiert gouf. Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet d'Verantwortung zréckgewisen a gesot, keen hätt Krichspläng verschéckt.
Ugefaangen hu soll et den 11. Mäerz mat enger Ufro op der Kommunikatiouns-App Signal vun engem Account mam Numm vum Nationale Sécherheetsberoder Michael Waltz. Den Jeffrey Goldberg, Chefredakter vun der Zeitung The Atlantic, war ufanks skeptesch, ob et sech dobäi wierklech ëm en offiziellen Account a Gruppenchat soll gehandelt hunn. An engem detailléierten Artikel erzielt hien, dass hien éischter geduecht hätt, et géif sech dobäi ëm eng geziilt Täuschungsaktioun vun engem auslännesche Geheimdéngscht handelen. Iwwerdeems hätt hien et net fir méiglech gehalen, datt d'US-Regierung geheim Pläng iwwer Signal kommunizéiere géif.
Trotz den Zweiwel soll hien d'Ufro dann awer ugeholl hunn a sou war de Goldberg zesumme mat aneren héichrangegen US-Offiziellen an engem Chat, dorënner ënner anerem de Vizepresident JD Vance, sou wéi de Verdeedegungsminister Pete Hegseth an den Ausseminister Marco Rubio. Mat der Zäit sollte sech seng Zweiwel da weider geluecht hunn, wéi den Hegseth genee Auerzäiten an och genee Ziler a Waffe fir eng US-Loftattack géint d'Huthi-Miliz am Jemen genannt huet. Wéi et dann tatsächlech zu de geplangten Attacke koum, huet den Jeffrey Goldberg den Chat vu sech aus verlooss.
Aktuell gëtt et nach keng offiziell Erklärung dofir, wéi et zu dëser Pann komm ass. De Brian Hughes, Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot huet confirméiert, datt den Chatverlaf héchstwarscheinlech authentesch si soll. Déi Demokratesch Oppositioun schwätzt vun engem Skandal an der Violatioun vu Militärgeheimnisser a fuerdert elo eng Enquête. Ob dës Sécherheetspann méi spéit tatsächlech rechtlech Konsequenze fir d'Regierungsmemberen huet, ass nach net gewosst. Schonn den US-President Donald Trump gouf deemools ugeklot, well hie geheim Sécherheetsdokumenter privat bei sech doheem soll gehalen hunn. De Büro vum Pete Hegseth selwer hat donieft viru kuerzem réischt annoncéiert, méi streng géint d'Erausgi vu sensibelen Informatioune virzegoen.