Gléck am Ongléck haten e Papp a seng zwou mannerjäreg Duechteren no engem Fligeraccident an Alaska.

Wéi et vu verschiddene Medien heescht, sinn déi dräi mat engem klenge Fliger iwwert dem veräisten Tustumena-Séi, ronn 313 Kilometer vun der Stad Anchorage fort, erofgefall, konnte sech awer op de Flillek vum Fliger retten, op deem si dunn 12 Stonne verbruecht hunn. Si goufen entdeckt, nodeems eng ganz Rei Pilote sech no engem Opruff an de soziale Medien, op d'Sich no hinne gemaach hunn.

Firwat de Fliger erofgefall ass, ass bis ewell net gewosst, déi lokal Autoritéiten hu Medie géigeniwwer allerdéngs betount, datt den iwwer 24.000 Hektar grousse Séi dofir bekannt ass, datt et hei zu plëtzlechem, immens staarkem Wand komme kann. Déi genee Ursaach gëtt elo vun den Autoritéiten enquêtéiert.

Déi dräi Familljemember goufen entretemps an e Spidol bruecht, si sinn net a Liewensgefor.

RTL

Den Tustumena-Séi am Süde vun Alaska ass eng 313 Kilometer vun Anchorage fort