Mamm gëtt verdächtegt, Puppelchen no Gebuert ëmbruecht ze hunn
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER
En Donneschdeg de Moie war d'Tréierer Police géint 9.35 Auer op Mehring geruff ginn, wou et ee medezineschen Noutfall géif ginn.
Op der Plaz hunn d'Policebeamten, een Noutdokter an de Rettungsdéngscht du festgestallt, datt eng jonk Fra "am Eruwuessenden-Alter" an der Nuecht op en Donneschdeg ee Puppelchen op d'Welt bruecht hat. Si war deen Ament warscheinlech eleng an hirer Wunneng.
Den neigebuerene Bëbee gouf dout an der Wunneng vun der Fra fonnt, och den Noutdokter konnt dem Kand säi Liewen net méi retten. Déi jonk Fra gouf an d'Spidol bruecht, fir medezinesch versuergt ze ginn.
Wéi et an der Matdeelung vum Polizeipräsidium Trier heescht, huet d'Kriminalpolizei elo d'Ermëttlunge ronderëm den Doudesfall opgeholl. D'Geriichtsmedezin vun der Universitéit Mainz war mat der Obduktioun vum Puppelche beoptraagt ginn, fir d'Ëmstänn vum Doud festzestellen. Bei dëser huet sech erausgestallt, datt de Puppelchen no de Gebuert gelieft huet a kuerz drop duerch Gewalt gestuerwen ass.
Op Grond vun de Resultater ass d'Mamm op Uerder vum Parquet Tréier e Freideg virun den Untersuchungsriichter komm. Géint d'Fra besteet den dréngende Verdacht, fir den Doud vum Bëbee responsabel ze sinn. D'Geriicht huet op Uerder vum Parquet ordonéiert, datt d'Fra an eng psychiatresch Klinick kënnt.
Bis zu enger rechtméisseger Verurteelung gëllt d'Présomption d’innocence.