Reunioun vun den NATO-Ausseminister ass op en Enn gaangen
Eng grouss Inconnue am Virfeld war, wéi d‘USA sech hei géife positionéieren.
Grad och well den US-President Donald Trump nach zousätzlech Douanesfraise fir bal déi ganz Welt annoncéiert hat. Den US-Ausseminister Marco Rubio huet den NATO-Alliéierten awer verséchert, datt d‘USA zu der NATO stinn, ma huet gläichzäiteg gefuerdert, datt dës sech och déi néideg Kapazitéite misst ginn. Méi an d‘Defense ze investéieren, wier fir esou e klengt Land awer net esou evident, gëtt de Xavier Bettel an deem Kontext ze bedenken.
„Komm mir sinn och éierlech, mir hunn och keng Industrie hei déi selwer Saache produzéiert, wou een einfach dann am Fong seng national Wirtschaft ënnerstëtzt, andeem een einfach do an d'Industrie investéiert. Dat hunn aner Länner. A sou wéi ech et och gesot hunn, mir sinn amgaangen, als Commerce extérieur och ze kucken, fir dass et och op e Retour op Invest kënnt. Mir sollen net, wann ech lo e bëssen dat kann op eng salopp Aart a Weis soen, mir sollen net méi domm si wéi all déi aner.“
Rieds geet an Tëscht och doriwwer, fir d‘Contributioune vun de Memberlänner op 5 Prozent vum PIB eropzesetzen. Zu Lëtzebuerg géif ee sech aktuell de Kapp zerbriechen, fir iwwerhaapt op déi 2 Prozent ze kommen, esou datt de Xavier Bettel hofft, datt déi 5 Prozent net muer wäerte Realitéit sinn.
Wat d‘Relatioun mat Russland ugeet, hunn eng Rei Ministere gefuerdert, datt ee Moskau en Ultimatum misst setzen, also eng Zort Delai, wéi laang d‘Offer vun enger Wafferou nach um Dësch läit. De Lëtzebuerger Minister huet hei ze bedenke ginn, datt een dann och eng Sanktioun muss festleeën, sollt sech Russland net dorun halen.
„Fir mech ass et wichteg, dass een den Drock héich hält. Mee en Ultimatum ze setzen, wann duerno näischt doraus decouléiert, dann ass dat och just e Muskelweisen. An ech weess net, ob dat doten elo hëlleft oder net. Also den Amerikaner huet eis awer kloer drop geäntwert, dass si och net onendlech nokucken an dass dat elo keng Méint wäerte sinn, mee e puer Wochen nach, wou se bereet wieren, do ze waarden. Dat ass déi amerikanesch Positioun op deem dote Punkt.“
Am Juni kommen d‘NATO-Länner da fir e reguläre Sommet beieneen.
D'Schreiwes am Detail
Xavier Bettel à la réunion des ministres des Affaires étrangères de l’OTAN (03-04.04.2025)
Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
Les 3 et 4 avril 2025, le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, Xavier Bettel, a participé à la réunion des ministres des Affaires étrangères de l’OTAN, organisée à Bruxelles.
À l’ordre du jour figuraient plusieurs séances de travail du Conseil de l'Atlantique Nord et une séance du Conseil OTAN-Ukraine, consacrées à la préparation du sommet de l’OTAN qui se tiendra à La Haye en juin 2025, à la coopération avec les partenaires indopacifiques de l’OTAN (l’Australie, le Japon, la république de Corée et la Nouvelle-Zélande), à la guerre en Ukraine, ainsi qu’à la coopération entre l’OTAN et l’Union européenne. La haute représentante de l’Union européenne, Kaja Kallas, a participé à cette dernière séance.
Les trente-deux Alliés ont réaffirmé leur attachement à l’Alliance. Dans ses interventions, le ministre Bettel est revenu sur la guerre en Ukraine et a insisté sur l’importance de l’unité des Alliés. Il a également abordé la guerre dans la bande de Gaza et ses conséquences néfastes. Enfin, concernant les dépenses de défense, le Vice-Premier ministre a réaffirmé l’engagement du Luxembourg à atteindre l’objectif de 2% du RNB consacré à la défense.
En marge de la réunion ministérielle, le ministre Bettel a eu un entretien bilatéral avec son homologue ukrainien, Andrii Sybiha.