Friedrich Merz
Nach net am Amt, mä d'Popularitéit bréckelt schonn
D'Ëmfro-Wäerter vum eventuell nächste Bundeskanzler Friedrich Merz a vun der Unioun sinn op en Neits méi schlecht ginn.
Am Deutschlandtrend vun ARD kommen CDU/CSU nach op 26%. Déi riets AfD realiséiert de beschte Score an hirer Geschicht a klotert op 24%. De Friederich Merz suergt och parteiintern plazeweis fir laang Gesiichter, well seng politesch Kéier bei der Scholdepolitik net iwwerall gutt ukomm ass.
An Däitschland lafen d’Koalitiounsverhandlungen tëscht CDU, CSU an der SPD weider op Héichtouren. Se kéinten awer an den nächsten Deeg ofgeschloss sinn, heescht et aus de Reie vun de Parteien.
Am meeschte gelies