Manner Reesen an d'USA: Moderate Réckgang hei am Land
Dass d'Leit net méi an d'USA reesen aus Protest zum Donald Trump senger Politik, kéint een net soen, mengt eng Responsabel vun Travel Group Luxembourg.
Dem US-President Donald Trump seng Politik schéngt generell och Auswierkungen op den Tourismus ze hunn. D’USA rechne mat engem staarke Réckgang vun europäeschen, mexikaneschen, chineeseschen a besonnesch kanadesche Gäscht.
D’Veronsécherung fir Reesen an Amerika ass wéinst der US-Politik den Ament weltwäit grouss. Rezent goufen däitsch Touriste vun der amerikanescher Grenzpolice verhaft. Bis Februar koume schonn 23 Prozent manner Touristen aus Kanada an d’USA.
Eng deementspriechend Reaktioun hei am Land gëtt et nach net. "Bei ons hu mer e Réckgang an de Buchunge fir Amerika. Dee läit ongeféier bei 9 Prozent. Nach näischt Dramatesches. D’Demandë komme weider eran", seet d’Christine Corsi, Responsabel vum Marketing vun Travel Group Luxembourg. Perséinlech hätt si awer just vun enger eenzeger Persoun Feedback kritt, déi sech no der Wal vum Donald Trump aus Protest géint hir Rees an d’USA decidéiert hätt.
Am Allgemenge mengt d’Christine Corsi awer, dass et méi Facteure sinn, déi ausmaachen, ob eng Persoun sech fir eng Rees an d’USA decidéiert oder net. Zum Beispill de Cours vum Dollar oder d’Präisser sur place. Dës wieren nämlech extrem an d’Luucht gaangen déi lescht Zäit. E Fait wier awer och, dass et aner Destinatioune sinn, déi den Ament méi am Trend leien. Zum Beispill Asien a besonnesch Japan, wou d’Zuele mat engem Plus vun 150 Prozent, net just wéinst der Expo, géingen explodéieren.
En Effet op d’Fligerpräisser hätten esou Schwankunge sou direkt awer net. Vu Problemer mat Visaen, fir an d'USA anzereesen, huet Travel Group Luxembourg iwwerdeems nach näischt héieren. "Et gëtt och keng Restriktioun. Et ass kee Gouvernement bis elo dee gesot huet, "net méi an Amerika goen", erkläert d’Christine Corsi. Dat wier wichteg ze wëssen, well d’Leit dacks géinge froen, wat da wier, wann d’Leit hir USA-Rees géingen annuléieren. Deemno ass eng Annulatioun net sou einfach.
Eng Ëmfro aus Kanada seet, dass d’Hallschent vun de befrote Kanadier net méi an d’USA wéilt goen. Der "US Travel Association" no kéint dat e Verloscht vu 14.000 Aarbechtsplazen an den USA bedeiten. 140.000 Plazen am Ganze géingen dann direkt vun den 20,4 Millioune Visiteuren aus dem Nopeschland ofhänken.
Wier Dir bereet, op Produkter vun amerikanesche Firmen ze verzichten?
Déi aggressiv Manéier, wéi den Donald Trump Politik mécht, léisst Leit weltwäit net kal. Schonn ier deen neien US-President de Stroftax-Hummer ausgepaakt huet, ware Reaktiounen ze spieren, virop bei sengem Beroder Elon Musk senger Autosmark Tesla. A Kanada goufe souguer US-Produkter aus de Rayone vu Geschäfter geholl.
An hei zu Lëtzebuerg? Wier Dir bereet, op amerikanesch Marken ze verzichten?
"Ech wär bereet, manner amerikanesch Produkter ze kafen, Jo." Eng spontan Äntwert ënner aneren iwwer Mëtteg an der Stad Lëtzebuerg.
Argumenter géingt e Boykott sinn ënner anerem wat Fastfood oder Softdrink ubelaangt, datt och Produktiounen an deemno Aarbechtsplazen an Europa verluer goe géifen. Vill Produkter vun amerikanesche Marke selwer, vun High-Tech bis Gezei, ginn och net bannen an den USA produzéiert, ma weltwäit. Wat eleng schonn nees dem Donald Trump seng Iwwerleeungen a puncto Stroftaxen a Fro stellt.