US-amerikaneschen Unisproff kritt Majestéitsbeleidegung reprochéiert
© AFP/Archiv/Manan VATSYAYANA
Datt Auslänner sech dësem Virworf stelle mussen, geschitt an Thailand éischter seelen.
Wéi et vun der thailännescher Police heescht, wier en US-amerikanesche Staatsbierger e Freideg op d'Geriicht geruff ginn, wéinst dem Verdacht op Majestéitsbeleidegung. Datt Auslänner sech dësem Virworf stelle mussen, geschitt an Thailand éischter seelen.
Beim Beschëllegten handelt et sech ëm de Paul Chambers, e Professer vun der Naresuan-Universitéit, deen zejoert an engem Seminaire iwwer d'Relatioun tëschent thailännescher Arméi a Monarchie geschwat huet. Der AFP no, déi sech op Policedokumenter bezitt, gëtt de Mann beschëllegt, déi kinneklech Famill "beleidegt oder Béiswëllegkeet gewisen" ze hunn, "gefälscht Computerdonnéeën" agefouert an domadder déi "national Sécherheet" menacéiert ze hunn.
De Paul Chambers sot, e géif sech "ageschüchtert" fillen, géif awer vu sengen Aarbechtskolleege vun der Uni an och vun der US-Ambassade ënnerstëtzt ginn.
Den thailännesche Kinnek Maha Vajiralongkorn a seng Famill ginn duerch d'Gesetz géint Majestéitsbeleidegung ënnert deels drastesche Strofe viru Kritik geschützt. Kritiker vum Gesetz gesinn doranner e Mëttel zur Ënnerdréckung vu gesellschaftlechen Debatten an Aschüchterung vun Akademiker, Aktivisten a Studenten. An deene leschte Joren ass d'Zuel vu Fäll, an deenen d'Gesetz agesat gouf, staark geklommen.
Réischt d'lescht Joer gouf e Mann aus dem Norde vun Thailand wéinst Majestéitsbeleidegung zu enger Prisongsstrof vu 50 Joer verurteelt.