Den Äerdobservatiounszenter vun der EU, dee vun der europäescher Kommissioun matfinanzéiert gëtt, huet säin neiste Rapport presentéiert.

All Mount liwwert "Copernicus" säin neiste Bulletin an dobäi fale bei den ermëttelte Wäerter fir de Mäerz Changementer op bei de Loft- a Waassertemperaturen, bei hydrologesche Variabelen a bei der Ausbreedung vum Äis um Mier. Fir déi Auswäertunge gi Milliarden un Donnéeë vu Satellitten, Schëffer, Fligeren a Wiederstatioune ronderëm d'Welt genotzt.

Global Lofttemperaturen

De Mäerz 2025 war mat enger globaler Duerchschnëttstemperatur vu 14.06°C deen zweetwäermste vun allen Zäiten. Dee vun 2024 war nach 0.08°C méi waarm, d'Moyenne vun 1991 bis 2020 läit 0.65°C ënnert dem neiste Wäert.

De Mäerz 2025 war dee wäermste Mäerz an der Geschicht vun Europa. D'Moyenne vun den Temperature louch mat 6.03°C ëm 2.41°C iwwert dem Duerchschnëtt, deen tëscht 1991 an 2020 gemooss gi war.

RTL

© climate.copernicus.eu

Generell war et uechter Europa méi waarm wéi am Mäerz zejoert. Déi héchsten Differenze goufen dobäi an Osteuropa an am Südweste vu Russland gemooss. Am Géigesaz dozou louchen op der ibeerescher Hallefinsel d'Temperaturen déi Kéier liicht ënnert der Moyenne aus de leschte Joren.

RTL

© climate.copernicus.eu

Tëscht Abrëll 2024 a Mäerz 2025 louchen d'Lofttemperaturen allgemeng ëm 0.71°C iwwert der Moyenne aus de Joren 1991 bis 2020.

Global Waassertemperaturen

D'Surfacë vun de Mierer all zesummegerechent, louch d'Moyenne vun der Waassertemperatur mat 20.96°C just ëm 0.12°C ënnert dem Rekord aus dem Mäerz 2024. A verschiddene Regiounen, zum Beispill am Mëttelmierraum, goufen nei Spëtzewäerter gemellt.

RTL

© climate.copernicus.eu

Sou wéineg Äis wéi ni virdru gouf dann am Mäerz 2025 ermëttelt. An de 47 Joer laangen Opzeechnunge via Satellit gouf et nach ni esou mann arktescht Äis: - 6% ënnert der Moyenne. Et ass de 4. Mount hannerteneen, dass bei deem Wäert e neie Minusrekord erreecht gëtt. An der Antarktis gesäit et net besser aus. Just dräimol war do nach manner Äis gemooss gi wéi dës Kéier.

Hydrologesch Highlighten

Am Mäerz 2025 war et a Südeuropa meeschtens méi naass a stiermesch wéi gewéinlech. Och Norwegen, Deeler vun Island an den Nordweste vu Russland hu Reen iwwert der Moyenne ofkritt. Soss méi fiicht wéi an der Moyenne war et nach am Oste vu Kanada, am Weste vun den USA, am Mëttleren Osten, queesch duerch Russland an am Südoste vu Südamerika.

Méi dréche wéi normal an Europa war et a Groussbritannien, Irland, Griicheland, Tierkei an allgemeng an Zentraleuropa. Weltwäit gekuckt gouf et manner Reen an Nordamerika, Zentral- an Ostasien, Südwestaustralien an an Deeler vu Südafrika.

Hutt Dir Froen zu de Moossunge vu "Copernicus"? HEI stinn d'Informatiounen.