Ekonomesch Nout op KubaÉischt Boot vun internationaler Hëllefsflott zu Havanna ukomm

AFP, iwwersat vun RTL
Well sech déi ekonomesch Situatioun op Kuba ëmmer méi verschlechtert, gouf eng international Hëllefsflott op d'Bee gestallt, fir dem Karibikstaat ze hëllefen.

Dat éischt Schëff vun enger internationaler Hëllefsflott fir Kuba huet en Dënschdeg d’Haaptstad Havanna erreecht. D’Aktivisten u Bord stounge bei der Arrivée am Hafen um Daach vun der Kabinn vum Schëff, dat si symbolesch “Grandma 2.0" ëmbenannt hunn - an Erënnerung un d’Schëff, mat deem de Fidel Castro a seng Guerillakämpfer 1956 op Kuba ukomm waren, fir hir Revolutioun ze starten. Dobäi haten d’Organisateuren “dréngend néideg Liewensmëttel, Medikamenter, medezinesch Hëllefsgidder a liewesnoutwenneg Gidder”.

Éischt Boot vun internationaler Hëllefsflott zu Havanna ukomm
Well sech déi ekonomesch Situatioun op Kuba ëmmer méi verschlechtert, gouf eng international Hëllefsflott op d’Bee gestallt, fir dem Karibikstaat ze hëllefen.

No der “Granma 2.0" ginn zwee weider Booter mat Hëllefsliwwerungen zu Havanna erwaart. Organiséiert gouf d’Flott vun engem Kommitee vu Gewerkschaften, Hëllefsorganisatiounen, Parlamentsdeputéierten an Aktivisten aus verschiddene Länner. Virbild ass d’Gaza-Hëllefsflott, déi zejoert probéiert hat, déi israeelesch Mieresblockad vun der Gazasträif ze duerchbriechen, awer vum israeelesch Militär ofgefaange gi war.

Op Kuba hat sech d’ekonomesch Nout an der lescht verschäerft, dat duerch de Stopp vu Pëtrolsliwwerunge wéinst der US-Interventioun a Venezuela. De President Trump hat, nodeems de venezuelanesche President Maduro gefaange geholl gi war, am Januar d’Pëtrolsliwwerunge vu Venezuela op Kuba gestoppt. Anere Staaten, déi Äerdueleg an de Karibikstaat liwweren, huet den Trump mat zousätzlechen US-Taxe gedreet.

An der lescht hat den Trump den Drock op Kuba ëmmer méi erhéicht. Eréischt d’lescht Woch sot hien, hie géing de Karibikstaat “iwwerhuelen”.

Back to Top
CIM LOGO