Prozess ëm Social-Media-SuchtInstagram a Youtube sollen am ganze ronn 6 Milliounen Dollar bezuelen

AFP, iwwersat vun RTL
Dëse Prozess, ëm eng jonk Fra, déi eng Social-Media-Sucht entwéckelt huet, gëtt elo schonn als wichtege Prezedenzfall am Ëmgang mat de soziale Medien bewäert.
© FREDERIC J. BROWN/AFP

An engem Prozess ëm Social-Media-Sucht huet en US-Geriicht zu Los Angeles elo d’Onlineplattformen Instagram a Youtube zu enger héijer monetärer Entschiedegung verurteelt. Si sollen enger Fra déi geklot hat am ganzen dräi Milliounen Dollar Entschiedegung bezuelen, sou d’Decisioun vum Jury e Mëttwoch. Dobäi kënnt eng Strof vun dräi Milliounen Euro, präziséiert d’Geriicht zu LA. Déi haut 20 Joer al Fra huet den Entreprise virgehäit, si als Mannerjäregt ofhängeg gemaach an him doduerch schwéier psychesch Schied bereet ze hunn.

D’Mammenhaus vun Instagram muss deemno 2,1 Milliounen Dollar vum Schuedenersatz bezuelen, fir Youtube sinn et 900.000 Dollar. Och bei der Strof déi wéi gesot nach dobäi kënnt, soll Meta 70% droen, de Youtube-Mamme-Konzern Google déi aner 30%. Fir de Jury ass kloer bewisen, dass béid Entreprise bei der Gestaltung a beim Bedreiwe vun hire Plattformen verantwortungslos gehandelt hätten.

D’Konzerner hätte gewosst, oder wësse missen, dass hire Service eng Gefor fir Mannerjäreger duerstellt an hätten d’Useren net genuch virun den offensichtleche Riske gewarnt, sou d’Begrënnung vum Urteel.

Béide Entreprisen wëlle géint d’Urteel an Appell goen. Déi psychesch Gesondheet vu Jugendleche wier komplex a kéint net eleng op eng App zeréckgefouert ginn, erkläert e Porte-Parole vu Meta. Google argumentéiert, Youtube wier iwwerhaapt kee soziaalt Netzwierk, mä eng reng Streaming-Plattform.

Back to Top
CIM LOGO