Abbas AraghtschiIraneschen Ausseminister seet, dass een net vir hätt, mat den USA ze verhandelen

AFP, iwwersat vun RTL
Den Iran wéilt "de Krich zu eegene Konditiounen op en Enn bréngen".
© -/AFP

Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet Verhandlunge mat den USA iwwert en Enn vum Iran-Krich bestridden a Gespréicher mat Washington refuséiert. “Mir hunn net vir, ze verhandelen - bis elo ware keng Verhandlungen, an ech gleewen, dass eis Haltung komplett ‘prinzipien-trei’ ass”, sou den Abbas Araghtschi e Mëttwoch op der iranescher Staatstëlee.

Den US-President Donald Trump huet do virdru jo behaapt gehat, Washington hätt e Friddensplang virgeschloen. Den iraneschen Ausseminister seet dozou: “Elo iwwer Verhandlungen ze schwätzen, wier en Ageständnis vun enger Néierlag. (...) Am Moment ass eis Politik, weider Widderstand ze leeschten”, sou den iraneschen Ausseminister weider.

Den Iran wéilt “de Krich zu eegene Konditiounen op en Enn bréngen”. Dës Konditioune missten esou ausgesinn, dass “dëst ni méi passéiert”, betount hie mat Bléck op de Krich, deen zënter Enn Februar lo schonn unhält.

Mam Bléck op déi quasi komplett blockéiert Strooss vun Hormus huet den Abbas Araghtschi gesot, dass de Passage “just fir Feinden” zou wier. Schëffer aus Staaten, déi befrënnt mam Iran wieren, géifen och sécher duerch d’Strooss geleet ginn, betount hie weider.

Back to Top
CIM LOGO