No 15-Punkte-Propos vum Donald TrumpIran verwërft US-Friddensplang

François Aulner
De 15-Punkte-Plang vum US-President Trump, deen ënnert anerem en Enn vum Atomprogramm a vun der Ënnerstëtzung fir arméiert Gruppe gefuerdert huet, wier exzessiv, sou Teheran.
Den US-President hat dem Iran e 15-Punkte-Friddensplang proposéiert.
© MANDEL NGAN/AFP

Den Iran verwërft de Friddensplang vun den USA, esou déi iranesch Staatstëlee e Mëttwoch de Mëtteg a stellt 5 fënnef eege Conditiounen: En direkt Enn vun den Ugrëffer, Mechanisme fir ze verhënneren, datt se nees uginn, en Enn vum Krich op alle Fronten, Schuedenersatz an d’Garantie, datt den Iran d’Autoritéit iwwer d’Strooss vun Hormus behält.

Och wa kee wierklech dru gegleeft hat, datt dem Trump säi Plang géing ugeholl ginn, hat en d’Marchéen e bësse berouegt. D’Pëtrolspräisser sinn e Mëttwoch trotzdeem liicht erofgaangen, op ee Joer gekuckt bleiwe se nach gutt 30% méi héisch. De Barrel gouf e Mëttwoch ënner 100 US-Dollar gehandelt, och wann en nach vill schwankt.

Antëscht huet Israel weider Attacke géint den Iran ënnerholl – Russland huet Personal aus der iranescher Atomzentral vu Bouchehr evakuéiert. An der Golfregioun gouf op verschidde Plazen Damp gemellt, wou iranesch Rakéiten ageschloe wieren.

D’Marchéë si wéi gesot e bësse berouegt, well sech confirméiert, datt d’USA de Krich wëllen op en Enn bréngen. Op der anerer Säit wäert den Effekt vum Krich op d’Finanzmäert an op d’Präisdeierecht sech egal ewéi nach zéien.

Op ville Plazen op der Welt huet d’Hausse vun de Pëtrolspräisser fir gréisser Enkpäss gesuergt. Déi international Handelskammer huet e Mëttwoch virun der schlëmmster industrieller Kris gewarnt, déi et jee gouf. D’europäesch Zentralbank huet dann awer rassuréiert haut: se hätt e ganze Spektrum u Mesurë fir op en Energie-Schock ze reagéieren, esou d’Cheffin vun der EZB Christine Lagarde.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO