
No engem presuméierten Andrénge vun engem Member vun der japanescher Arméi an déi chineesesch Ambassade zu Tokio huet déi japanesch Regierung hiert Bedaueren iwwert de Virfall ausgedréckt. Et wier “wierklech bedauerlech, datt e Member vun de Verdeedegungsforcen” ënnert dem Verdacht festgeholl gouf, datt hien “den Terrain vun enger Ambassade betrieden hätt”, esou e Spriecher vun der japanescher Regierung e Mëttwoch. D’Police ermëttelt schonn, fir de Virfall opzeklären, an hätt “déi noutwenneg Sécherheetsmesurë fir d’Ambassade ergraff.”
Der Police no war den 23 Joer ale Verdächtegen en Dënschdeg festgeholl ginn. Him gëtt ebe virgeworf, datt hien onerlaabt um Terrain vun der Ambassade war. D’Zeitung “Yomiuri Shimbun” mellt, datt de Verdächtege géintiwwer der Police ausgesot huet, datt hie “gehofft hat, den Ambassadeur ze treffen”. Hie wollt dëse bieden, déi “radikal Aussoen ze ënnerloossen”. Wier hien net op d’Fuerderunge vum Zaldot agaangen, hätt dëse sech selwer d’Liewe virun den Ae vum Ambassadeur wéilten huelen, soll hien der Police erzielt hunn. Déi japanesch Tëleeschaîne NHK mellt, datt e Messer op der Plaz fonnt gouf, wou een de Mann festhuele konnt.
Den Ausseministère zu Peking huet en Dënschdeg erkläert, de Mann hätt gesot, den Diplomat ëmbréngen ze wëllen. Peking hätt dann och Protest bei Tokio ageluecht. Déi chineesesch-japanesch Bezéiunge sinn, zanter déi nei Regierungscheffin Sanae Takaichi un der Muecht ass, däitlech méi schlecht ginn. Déi konservativ Politikerin hat gesot, datt hiert Land militäresch géif agräifen, wa Peking géif probéieren, d’Insel Taiwan mat Gewalt ënner chineesesch Kontroll ze bréngen.