Schweden wëll d'Konsequenze vum Donald Trump senger Handelspolitik offiederen

© AFP/Archiv/Jonathan NACKSTRAND
Nach ass net gewosst wéi grouss den Impakt vum Donald Trump sengen Tariffer op déi schwedesch Ekonomie wäert sinn.
Fir déi negativ Konsequenzen ofzefiederen, huet déi schwedesch Regierung awer schonn en zousätzleche Budget vun enger Milliard Euro annoncéiert.
Dozou gehéiere Steiererliichterunge fir Leit, déi wëlle bauen oder renovéieren. Dat soll de Bausecteur ënnerstëtzen, dee weiderhi mat ville Failliten an héijem Chômage geplot ass. An et hofft een, mat weidere Steierbaissen de Leit hir Kafkraaft z'erhalen. Als groussen Exportateur an d'USA riskéiert Schweden vun de Stroftaxe besonnesch haart getraff ze ginn. Effektiv sinn d'USA den drëttgréissten Handelspartner vum Land. An d'Importtaxe fir Wueren aus den USA si jo schonn op 10% eropgesat ginn. Derbäi komme 25% spezifesch fir den Automobilsecteur, Aluminium a Stol.
"The US is one of Sweden’s most important markets for exports. They are our third greatest trading partner. And we trade a lot in goods such as automotives and pharmaceuticals", sou d'Felinda Wennerberg vum nationalen Handelsrot.
Wéi vill aner europäesch Memberstaaten hofft Schweden deemno nach op en Accord tëscht der EU an den USA.