Keng schéin Nouvellen ëm Ouschteren aus Australien. Do sinn duerch meterhéich Wellen an de leschten Deeg 6 Persounen ëmkomm.

Wéi d'Police am Bundesstaat New South Wales mellt, gouf op Ouschtersonndeg e sechst Affer, e Fëscher, dout bei der Plage Wattamola Beach net wäit vu  Sydney gebuergen. D'Küst do ass immens fielseg. E 14 Joer ale Jong, dee mam Mann um Boot war, konnt reaniméiert ginn a koum an d'Spidol.

E Samschdeg scho war an New South Wales e Fëscher mat sengem Boot vun enger Well vu bis zu 3 Meter un e fielsege Küstendeel geschleidert ginn. Op Karfreideg sinn am selwechte Bundesstaat donieft nach 3 Persounen erdronk. Am Bundesstaat Victoria ass eng Fra ëm d'Liewe komm, déi vun der Stréimung an d'Mier gezu gouf. Wéi offiziell Autoritéiten nach matgedeelt hunn, ginn 3 Persoune vermësst.

Schonn en Donneschdeg hat d'Waasserrettungsorganisatioun SLSA virun de liewensgeféierleche Welle virun den australesche Küste gewarnt, besonnesch déi vun New South Wales a Victoria. An de leschten 10 Joer wieren un de Plagen ouni Rettungsdéngscht am Ganze 630 Mënsche gestuerwen.