Doudegt Kand ass Police no "héchstwarscheinlech" vermësste 6 Joer ale Jong

© Thomas Frey / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Zanter dem 25. Mäerz war e 6 Joer alen autistesche Jong am hessesche Weilburg vermësst ginn. Elo kéint et am Fall traureg Gewëssheet ginn.
E Kanufuerer hat d'Police e Sonndegowend alarméiert, hien hat d'Läich vun engem Kand am Floss zu Weilburg entdeckt. Wéi d'Police elo matdeelt, soll et sech dobäi mat "immens héijer Warscheinlechkeet" ëm de vermësste Jong handelen. Hien ass de 25. Mäerz nom Mëttegiessen aus senger Schoul fortgelaf, war duerno nach kuerz an der Géigend vun enger Gare gesi ginn an zanterhier verschwonnen. Grouss ugeluecht Sichaktiounen hate kee Succès. Déi genee Doudesursaach vum sechs Joer ale Jong, soll elo gekläert ginn, sou nach d'Police.