Een Dag, fir iwwer dat eegent Konsumverhalen nozedenken

© alonesbe (Envato)
All Joer soll um 22. Abrëll d'Wäertschätzung vun der Ëmwelt ënnerstrach an och dat eegent Konsumverhalen iwwerduecht ginn.
An d'Liewe geruff gouf de sougenannten "Earth Day" am Joer 1970 an den USA duerch den US-Senateur aus Wisconsin Gaylord Nelson, deen d'Leit dozou opgeruff hat, den eegene Konsum ze iwwerdenken. Uechter d'USA hate sech deemools schonn iwwer 20 Millioune Mënschen u verschiddenen Aktiounen an deem Kontext bedeelegt, dorënner virun allem och Schoulen an Unien.
Vun 1990 un ass den Aktiounsdag dann och international matgefeiert ginn, dat mat iwwer 200 Millioune Mënschen aus 141 Länner. An deenen nächste Jore sollt den Dag weltwäit weider u Beléiftheet gewannen, sou datt d'Unzuel u Länner bis haut op 175 geklommen ass.
Och dëst Joer gëtt den "Earth Day" gefeiert an ass no 55 Joer sou relevant wéi ni. D'Opmierksam-Maachen op den Ëmgang an och de Konsum vun den natierleche Ressourcë si virun allem en vue vun der globaler Äerderwiermung wichteg. Duerch ee méi héicht Opkommes vu Klima- an Naturkatastrophe goufen den Donnéeë vun der UNO-Flüchtlingshëllef no an deene leschten 10 Joer ronn 220 Millioune Mënschen aus hirem Land verdriwwen.
Fir den eenzele Consommateur ginn et verschidde Methoden, fir den eegene Konsum ze reduzéieren an domadder déi natierlech Ressourcen ze schounen. Nieft der Reduzéierung vu Plastikproduiten réit d'Organisatioun Greenpeace beispillsweis ënner anerem eng gemeinsam Notzung vu Verkéiersmëttel oder eng reduzéiert Consommatioun vun Déiere-baséierte Produiten a Liewensmëttel. Eng Lëscht mat 10 Tippe fir den Alldag ginn et hei.