E Méindeg ass en Accident op der A8 tëscht Wellingen a Merzig-Schwemlingen, net wäit vu Lëtzebuerg, geschitt. Hei hat sech en Auto op d'Kopp gedréit.

Den Auto ass um Ouschterméindeg matten op der A8 a Richtung Saarbrécken um Daach gelant. Séier hat sech e kilometerlaange Stau hannendru forméiert, dee sech bis op d'Lëtzebuerger Grenz gezunn hat. Niewent de Rettungsdéngschter war och e Rettungshelikopter aus Lëtzebuerg am Asaz. Wéi et heescht, gouf op d'mannst eng Persoun ganz schwéier blesséiert.

De rouden Auto soll riets vun der Strooss ofkomm sinn, ass iwwert e Schëld gefuer an huet sech kuerz drop iwwerschloen. D'Autobunn selwer huet misste fir eng Zäit komplett gespaart ginn. Am Ganze ware véier Läschween am Asaz, donieft nach 10 Gefierer vun de Pompjeeën an de Rettungsdéngschter.

Accident op der A8 a Richtung Saarbrécken
E Méindeg de Mëtteg koum et zu engem uergen Accident op der A8. Ënnert anerem d'Air Rescue war hei am Asaz.

Um kuerz no 18 Auer war den Asaz eriwwer an d'A8 a Richtung Däitschland konnt nees opgemaach ginn.