Kënnt Beweegung an d'Friddensgespréicher?

© Piotr Sobik / ANADOLU / Anadolu via AFP
Zu London gëtt e Mëttwoch nees driwwer beroden, wéi een den Ukrainkrich kéint op en Enn bréngen.
Déi westlech Alliéiert beroden e Mëttwoch zu London op en Neits iwwer eng Friddensléisung fir d'Ukrain. De russesche President Wladimir Putin bréngt e Stopp vun der Ukrain-Invasioun laanscht d'Frontlinn an d'Gespréich. Ma Kiew bleift skeptesch.
Fir d'Gespréicher kommen héich Vertrieder aus der Ukrain, den USA, Groussbritannien a Frankräich beieneen. Dorënner den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an den US-amerikanesche Spezialbeoptraagte Keith Kellogg. Organisateur ass de britteschen Ausseminister David Lammy.
Wéi d'Noriichteplattform "Axios" mellt, soll d'Ekipp vum Donald Trump, déi mat de Verhandlunge beoptraagt ass, der ukrainescher Säit schonn d'lescht Woch bei engem Treffen zu Paräis Virschlag fir e Fridde virgeluecht hunn. "Axios" no sollen an der Offer gréisser Zougeständnesser u Russland stoen. D'Noriichteplattform berifft sech op Regierungsmataarbechter. Zu den Zougeständnesser soll ënnert anerem déi offiziell Unerkennung vun der russescher Herrschaft iwwer d'ukrainesch Krim gehéieren oder och eng erweidert wirtschaftlech Zesummenaarbecht. Och soll een NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain ausgeschloss ginn, wärend een EU-Bäitrëtt méiglech soll bleiwen.
D'Ukrain soll am Géigenzuch Sécherheetsgarantië kréien, ma nach ass onkloer vu wiem. Zu den Zougeständnesser solle Sécherheetsgarantien zielen, déi vun den Europäer geleescht solle ginn oder och eng fräi Schëfffaart um Floss Dnipro, ob béide Säiten a wou och den Ament d'Front verleeft.
Ukrain géint Unerkennung vu besate Gebidder
D'Ukrain wäert iwwerdeems dem President Selenskyj no déi russesch Annexioun vun der Hallefinsel Krim an aneren ukrainesche Gebidder juristesch net unerkennen. "Do gëtt et näischt ze beschwätzen. Dat steet baussent eiser Verfassung", sou de Staatschef op enger Pressekonferenz zu Kiew.
Och EU wëll Annexioun vu Krim net unerkennen
Och d'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet ausgeschloss, datt d'Europäesch Unioun jeemools d'Krim als russesch unerkenne kéint. D'Krim wier ukrainesch, sou d'Kallas, déi weider sot, fir d'Leit an de besate Gebidder géing et vill bedeiten, wann aner Staaten d'Annexioun net unerkenne géifen.