De Weekend gouf et am franséische Grenzgebitt mat Lëtzebuerg eng Course-poursuite.

Déi franséisch Police hat am Departement Meurthe-et-Moselle d'Poursuite vun engem verdächtege Liwwerwon opgeholl, wéi se an der Géigend vu Briey, eng 30 Kilometer vu Rëmeleng ewech, vun engem Kompliz vun dësem Liwwerwon gerammt gouf.

Den 1. Liwwerwon hat 2.574 Fläschen Alkohol an 217 Staangen Zigaretten u Bord, déi zu Lëtzebuerg kaaft gi waren. D'Wuer hat e Wäert vun ca. 50.000 Euro a war fir de Weiderverkaf un e Liewensmëttelgeschäft an der Géigend vu Paräis bestëmmt.

Bei der Kollisioun waren dräi Gendaarme blesséiert ginn, genee wéi de Chauffer aus dem Gefier, dat bewosst an de Policeauto gerannt war. De Mann hannert dem Steier konnt festgeholl ginn. Och de Chauffer aus dem Liwwerwon konnt festgeholl ginn. Hie war no der Kollisioun hannert him vun der Strooss ofkomm an zu Fouss geflücht. Ma mat der Hëllef vun enger Hondsstaffel an engem Helikopter konnt hien erëmfonnt ginn.

D'Chauffere vun de Gefierer, déi aus Sri Lanka sinn, wieren dem Républicain Lorrain no schonn dës Woch verurteelt ginn. De Chauffer vum Liwwerwon krut eng Prisongsstrof vun 10 Méint op Sursis an eng Strof vu 50.000 Euro. De Mann, deen d'Gendaarme gerammt huet, gouf zu dräi Joer Prisong verurteelt.