Delokalisatioun
Bis zu 140 Leit bei ArcelorMittal an der Belsch kéinten hir Aarbecht verléieren

© AFP
Grond dofir ass, dass verschidden Aarbechte wuel a Polen oder an Indien delokaliséiert solle ginn.
Déi Rumeur gëtt et och schonns méi laang. Eng genau Zuel, wéi vill Leit betraff sinn, gëtt et awer eréischt zanter e Mëttwoch.
Deemno huet d'Entreprise d'Méiglechkeet ënner d'Lupp geholl, verschidde Servicer ze delokaliséieren, dorënner d'Ressources humaines, d'Finanzen, d'Informatik an d'Akeef.
Arcelor Mittal denkt driwwer no, 1.150 bis 1.650 Posten an der europäescher Stolindustrie ze sträichen.
Am meeschte gelies